E Sonndeg war an der BGL Ligue d'Suite vum 6. Spilldag, nodeems sech d'US Hueschtert e Samschdeg scho mat 2:0 zu Rouspert duerchgesat hat.
De Racing huet de Match zu Diddeleng gedréint an um Enn nach mat 3:1 gewonnen. Mat engem gerechten an op jiddwer Fall och kengem langweilegen 0:0 war et fir béid Ekippen an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel konnt den F91 dann am Numm vum Moussaki relativ séier op 1:0 stellen. Laang huet de Racing awer net fir eng Äntwert gebraucht. Net mol zéng Minutte méi spéit stoung et nämlech duerch zwee séier Goler bannent dräi Minutte vum Zaki a Matuvangua 2:1 fir de Gaascht aus der Stad. Diddeleng hat nach eng Rei Chancen op den Ausgläich, konnt déi awer net notzen a misst sech no engem weidere Géigegol zum 3:1 kuerz viru Schluss definitiv geschloe ginn.
D'US Munneref huet sech mat 2:1 zu Biissen duerchgesat a bleift domat och nom 6. Match weider ouni Punkteverloscht un der Tabellespëtzt. Schonn no zwou Minutte konnt den Hatim Far d'Gäscht vu Munneref no engem Biisser Ballverloscht a Féierung bréngen. Duerno ware si laang spillbestëmmend, ma am Verlaf ass Biissen dann awer ëmmer méi staark ginn. No der Paus huet de Rodrigues da Costa da per Eelefmeter op 1:1 gestallt. No e puer hektesche Minutte mat vill Aarbecht fir den Arbitter konnt den Hatim Far da mat engem weidere Gol aus dem Näischt op 2:1 stellen, wat um Enn dann och déi dräi Punkte geséchert huet.
Ouni Punkteverloscht steet och d'UNA Stroossen weider un der Tabellespëtzt, dat no enger souveräner 3:0-Victoire beim Opsteiger Walfer.
Donieft huet sech de Progrès Nidderkuer mat 3:0 doheem géint d'US Rëmeleng duerchgesat, den FC Déifferdeng mat 4:1 géint Käerjeng a fir d'Etzella Ettelbréck gouf et en 3:0-Succès zu Hesper.
Vun 19 Auer u rullt fir den Ofschloss vum 6. Spilldag dann nach de Ball tëscht der Jeunesse Esch a Wolz.
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.