
De Seid Korac, déi leschte Saison mat Venedeg an d’Serie A opgestigen, verléisst säin aktuelle Veräin a schléisst sech fir déi nei Saison Hellas Verona un. De Lëtzebuerger Nationalspiller ass fir den Ufank fir 1 Joer ausgeléint. Gi gewësse Konditiounen erfëllt, gellt dono eng Kaafpflicht fir Hellas Verona.
Hellas Verona huet d’Saison an der Serie A op der 19. a domat zweet leschter Plaz mat 21 Punkten ofgeschloss an ass doduerch an d’Serie B ofgestigen. Mam Wiessel erhofft sech de Seid Korac virun allem nees mei Spillpraxis ze kréien, dat well hie bei Venedeg seng Stammplaz an der Verdeedegung verluer gehat huet. Fir Venedeg huet de Korac an 18 Matcher 1 Gol geschoss.
Domat wäert et an der neier Saison an der 2. italieenescher Liga och zum Duell tëscht dem Korac an dem Danel Sinani kommen, dee jo vu St. Pauli bei Sampdoria Genua gewiesselt ass.
Danel Sinani wiesselt bei Sampdoria Genua
Den Danel Sinani huet een neie Veräin fonnt. De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller huet e Kontrakt vun zwee Joer bei Sampdoria Genua aus der 2. italieenescher Liga ënnerschriwwen.
Den 29 Joer ale Lëtzebuerger war déi lescht Saison mat St. Pauli an déi 2. däitsch Bundesliga ofgestigen. Elo probéiert hie säi Gléck an Italien. Sampdoria Genua hat sech 1991 de bis ewell eenzege Championstitel an Italien geséchert. 2023 war een an d'Liga B ofgestigen an 2025 bal an d'Liga C gefall. Duerch d'Insolvenz vu Brescia war Genua awer an d'Play-outs nogeréckelt an hat do de Maintien gepackt. Déi lescht Saison huet een op Plaz 13 ofgeschloss. Fir d'nächst Saison probéiert sech de Veräin nei a besser opzestellen. Mam Bernardo Corradi gouf een neien Trainer engagéiert. Nei am Kader ass mam Lorenzo Insigne och e fréieren Nationalspiller.
Den Danel Sinani ass aktuell deen zweete Lëtzebuerger Spiller an Italien. Déi lescht Saison war de Seid Korac mat Venedeg an d'Serie A opgestigen.
De Mathias Olesen soll dänesche Medien no kuerz virun engem Wiessel vu Greuther Fürth aus der 2. däitscher Bundesliga bei SönderjyskE an déi éischt dänesch Liga stoen.
De Laurent Jans spillt eng weider Saison an der Belsch. De Kapitän huet säi Kontrakt zu Beveren ëm ee Joer verlängert. D'lescht Saison war de Veräin mat 88 Punkte souverän an déi éischt Liga am belsche Championnat opgestigen.
Fir den Dirk Carlson geet et aus Éisträich a Georgien. Den 28 Joer ale Lëtzebuerger wiesselt vu St. Pölten aus der 2. éisträichescher Liga bei FC Dinamo Batumi an déi éischt georgesch Liga. Hien huet e Kontrakt bis Summer 2027 ënnerschriwwen.
Mam Vahid Selimovic spillt e weidere Lëtzebuerger a Georgien. Hie steet bei Iberia Tiflis ënner Kontrakt.