Conference-League-QualifikatiounOut fir Munneref no Verlängerung zu Tiflis, och Déifferdeng no Defaite a Finnland eliminéiert

Jeff Birsens
Weder Munneref nach Déifferdeng hunn déi éischt Qualifikatiounsronn vun der UEFA Conference League iwwerstanen.
De Loris Tinelli vun der US Munneref (Archivbild)
© Val Wagner

No engem 0:0 doheem am Allersmatch huet Déifferdeng de Retourmatch en Donneschdeg bei Tampereen Ilves a Finnland mat 1:3 verluer an ass domat schonn no der 1. Qualifikatiounsronn fir d'UEFA Conference League eliminéiert. Méi spéit um Owend gouf et da fir d'US Munneref en 1:1-Remis no Verlängerung beim Dinamo Tiflis a Georgien, ma duerch d'Defaite aus dem Allersmatch ass och fir si schonn no der éischter Qualifikatiounsronn Schluss.

Dinamo Tiflis - US Munneref 1:1 n.V. (3:2 no Aller- a Retourmatch)

0:1 Couturier (86'), 1:1 Ninua (111')

D'US Munneref ass mat engem Gol Réckstand vu leschter Woch an de Retourmatch an der georgescher Haaptstad gestart. No enger éischter Hallschent ouni Goler hat den Dinamo Tiflis dann an der zweeter Hallschent déi grouss Chance, vum Eelefmeterpunkt dësen Ecart ze erhéijen, ma den Algassime Bah konnt de Ball net eraschéissen a sou konnten déi Munnerefer beim Stand vun 0:0 weider hoffen. Laang huet et gedauert, ma an der 86. Minutt war et dann de Clement Couturier, deen no enger Virlag vum Mehdi Kirch den 1:0 markéieren an domat Munneref an d'Verlängerung rette konnt.

Do konnt d'Lokalekipp aus Tiflis dann awer eng Reaktioun weisen an duerch ee weideren Eelefmeter, deen dës Kéier dobanne war, op 1:1 ausgläichen. D'Lëtzebuerger Gäscht hunn also op en Neits ee Gol gebraucht, fir et op d'mannst an d'Eelefmeterschéissen ze retten, ma dozou sollt et net kommen a sou ass Munneref no der 1. Ronn eliminéiert.

FC Ilves - FC Déifferdeng 3:1 (3:1 no Aller- a Retourmatch)

0:1 Thill (45'), 1:1 Raap (57'), 2:1 Kanga (68'), 3:1 Riski (75')

Fir de Lëtzebuerger Vizechampion hat et tëschenzäitlech gutt ausgesinn. Kuerz virun der Paus war et de Sébastien Thill, deen no Viraarbecht vum Elison Rivas op 1:0 stelle konnt. No der Paus ass de Finnen dann awer an der 57. Minutt den 1:1 gelongen. Duerch en Eelefmeter vum Jardell Kanga stoung et da gutt zéng Minutten drop 2:1 fir Ilves. Direkt no deem Gol war et dann zu enger Reiwerei um Terrain komm, wouduerch zwee Déifferdenger an ee vun der Lokalekipp an d'Dusch geschéckt goufen.

Mat just nach 19 Spiller um Terrain an enger Ënnerzuel fir d'Gäscht aus Lëtzebuerg ass et dann an d'Schlussphas gaangen, wou de Roope Riski an der 75. Minutt mam 3:1 den Deckel sou gutt wéi drop maache konnt. Um Score sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren a sou ass déi europäesch Aventure fir den FC Déifferdeng dës Saison schonn no der 1. Qualifikatiounsronn eriwwer.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO