TierkeiJournalist wéinst falsche Musiala-Rumeure festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Verreckt Transfert-Rumeure sinn an der Summerpaus näischt Neies. Allerdéngs ass esou eng falsch Behaaptung engem tierkesche Sportjournalist bal zum Verhängnes ginn.
© SVEN HOPPE / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Den tierkesche Sportjournalist Burhan Can Terzi hat am Juli behaapt, de Jamal Musiala stéing virun engem Wiessel bei Galatasaray Istanbul. De Veräin vum Bosporus hat dat doropshin op hirem Site dementéiert an dës Gerüchter als "absolutt net richteg" duergestallt.

Wéinst engem Gesetz géint d'Bekämpfung vun Desinformatiounen, dat zanter 2022 a Kraaft ass, gouf de Burhan Can Terzi kuerzzäiteg festgeholl. Den Istanbuler Parquet Bakirköy huet dem Journalist ëffentlech Verbreedung vun ierféierenden Informatioune virgehäit. Kuerz drop gouf hien nees fräigelooss.

Dem onofhängegen tierkeschen Noriichteportal Bianet no wier et déi éischte Kéier, datt dëst Gesetz am Sport-Beräich applizéiert gouf. Am Fall vun engem Verstouss stéinge bis zu 3 Joer Prisong am Raum.

Fir den Jamal Musiala huet e Méindeg den Training bei Bayern München ugefaangen. Beim däitsche Rekordchampion steet den däitschen Nationalspiller nach bis Juni 2030 ënner Kontrakt.

Back to Top
CIM LOGO