Et ass offiziellDe Julian Nagelsmann ass net méi däitsche Bundestrainer, Gespréicher mam Jürgen Klopp

RTL Lëtzebuerg
D'Kritik um Nagelsmann war nom Out bei der WM grouss.
Gesi mer op dëser Foto schonn den Nofollger vum Julian Nagelsmann?
Gesi mer op dëser Foto schonn den Nofollger vum Julian Nagelsmann?
© TOM WELLER/dpa Picture-Alliance via AFP

E Freideg de Moie hate souwuel d'Bild-Zeitung, wéi och SKY Däitschland gemellt, dass den Trainer vun der däischter Nationalekipp decidéiert hätt, vu sengem Posten zeréckzetrieden.
En Donneschdeg koum et dann och beim DFB zu enger Krisesëtzung. ntv/RTL-Informatiounen no, hätt de Verband dem Nagelsmann bis e Méindeg Zäit ginn, fir selwer zeréckzetrieden.

Domadder wollt een him d'Chance ginn, eng Entloossung ze evitéieren. Dem Nagelsmann säi Kontrakt beim DFB goung an sech nach bis 2028. Géint Mëtteg huet den DFB dann konfirméiert, dass den Nagelsmann net méi Nationaltrainer vun der däitscher Ekipp wäert sinn.

Déi däitsch Federatioun huet och gesot, datt si Gespréicher mam Jürgen Klopp wäert ophuelen, fir neien Bundestrainer ze ginn. Dësen hätt och "scho seng grondsätzlech Bereetschaft fir de Posten z'iwwerhuelen, signaliséiert", sou den DFB.

Back to Top
CIM LOGO