"Luxembourg Fest"En Duerf am Wisconsin feiert seng lëtzebuergesch Wuerzelen

Diana Hoffmann
Et ass déi 40. Kéier, dass d'"Luxembourg Fest" zu Belgium beim Lake Michigan gefeiert gëtt.
D'Yuriko Backes an de Sven Clement waren 2025 fir d'Luxembourg Fest op Wisconsin geflunn.

Wéi mécht een déi beschten Träipen? Zu Belgium am US-Bundesstaat Wisconsin ass dat nach ëmmer eng Fro, iwwer déi passionéiert diskutéiert gëtt. Am Duerf mat ronn 2.500 Awunner ginn dëse Weekend um Luxembourg Fest nees Kniddelen, Mettwurscht an Träipen zerwéiert.

Et ass déi gréisste Manifestatioun vun der lëtzebuergescher Diaspora an den USA, déi vun der Luxembourg American Cultural Society organiséiert gëtt. Mat dobäi ass scho fir déi véiert Kéier de Lëtzebuerger Marc Zimer vun der Associatioun Roots and Leaves, déi Projeten ëm de Lëtzebuerger Patrimoine an Amerika ënnerstëtzen.

Bei ville Mënschen zu Belgium handelt et sech ëm Nokomme vun Auswanderer aus Lëtzebuerg, déi Mëtt 19. Joerhonnert d'Land verlooss hunn. Den Numm vun hirer neier Heemescht "Belgium" koum dann dohier, dass kuerz ier si ausgewandert waren d'Grenzen nom Traité vu London (1839) nei gezu gi waren, an een Deel vum Grand-Duché un d'Belsch gaange war.

Offiziell haten dës Leit also belsch Pabeier, mee kulturell hu si sech als Lëtzebuerger verstanen.

En Duerf am Wisconsin feiert seng lëtzebuergesch Wuerzelen
De Marc Zimer vun der Associatioun Roots and Leaves erkläert, wéi vill d'Amerikaner fir d'Parad fir d'"Luxembourg Fest" opfueren.

Eng Mëschung aus Lëtzebuerg an Amerika

Haut ass et e Mix aus Lëtzebuerg an Amerika, dee sech am Fest zu Belgium weist. "Wann der dës Woch géingt kommen, géing der Lëtzebuerger Fändelen an der Strooss gesinn", seet de Marc Zimer.

Bauerenhaiser aus Stee géinge soss u Lëtzebuerg erënneren, wann een aus der Uertschaft eraus géing fueren. Et wier wéi wann ee géing duerch Lëtzebuerg fueren.

Mee zréck zum Fest, wat sech iwwer véier Deeg zitt. Nieft kulturelle Virträg an engem Galaowend, ass d'Parad e Samschdeg den Héichpunkt.

Hei mësche sech amerikanesch a lëtzebuergesch Traditiounen. "D'Amerikaner tässelen alles an déi Parad", erkläert de Marc Zimer.

De Buergermeeschter wier dobäi, Trucks, Pompjeeën, mee och den Hämmelsmarsch, en Träipemobil oder aner lëtzebuergesch Elementer. An och kulinaresch gëtt un d'Hierkonftsland erënnert.

Nieft amerikanesche Spezialitéite stinn och Kniddelen, Mettwurschten an natierlech Träipen um Menu.

De Philip Crowther mellt sech e Samschdeg den Owend am Journal vun der Parad.

© Luxembourg Fest

En Duerf am Wisconsin feiert seng lëtzebuergesch Wuerzelen

Eng Sich no senger Identitéit

Ënnerhale gëtt sech dohannen éischter net méi op Lëtzebuergesch. Mee den Interessi un den eegene Wuerzele bleift grouss. "Si wëlle wëssen, vu wou se hier kommen. Dat gëtt hinnen eng Identitéit. An da si se dann och stolz, Lëtzebuerger ze sinn. Zum Deel wëlle se dann och Lëtzebuergesch léieren", seet de Marc Zimer.

Sou munch ee géing seng Familljegeschicht eréischt duerch Recherchen entdecken. Anerer hätte se vun hire Grousselteren erzielt kritt. D'Luxembourg American Cultural Society bitt dofir och Hëllef fir seng Virfaren ze fannen a souguer Lëtzebuergesch-Coursë ginn offréiert.

Schüleraustausch als Bréck iwwer den Atlantik

Well de Marc Zimer esou en transatlanteschen Echange interessant fonnt huet, an och eppes Weideres wollt dozou bäidroen, huet hien ugefaangen, sech dofir anzesetzen, dass et e reegelméissege Schüleraustausch tëscht Lëtzebuerg a Wisconsin gëtt. Souwuel Schoulen wéi och Universitéite géingen dobäi a Kontakt stoen.

"Et ass haut méi wichteg wei jee, esou Brécken oprecht ze erhalen", ënnersträicht de Marc Zimer. Déi Jonk géinge fir zwou bis dräi Woche bei Familljen ënnerkommen a wiere vun hiren Erfarunge begeeschtert.

Fir d'Duerf Belgium mat senge ronn 2.500 Awunner ass d'Luxembourg Fest all Joer e grousst Evenement. D'Hoteller an der Regioun wiere fir de Weekend reegelméisseg ausgebucht, erzielt de Marc Zimer.

En Zeechen dofir, datt déi lëtzebuergesch Wuerzelen am amerikanesche Midwest och bal zwee Joerhonnerte méi spéit fir d'Awunner eng Roll spillen.

Back to Top
CIM LOGO