
De FIFA-President Gianni Infantino gëtt mat neie Virwërf aus senger Zäit bei der UEFA konfrontéiert. Laut der brittescher Zeitung The Telegraph soll hien 2011 dofir gesuergt hunn, datt eng Mataarbechterin beim Verloosse vun der UEFA eng héich Entschiedegung krut. Rieds ass vun enger Zomm am 6-stellege Beräich. Der Zeitung no soll et sech dobäi ëm eng Fra gehandelt hunn, mat där den Infantino eng Bezéiung gehat hätt.
D'UEFA huet confirméiert, datt der betraffener Persoun beim Verloosse vun der UEFA eng Entschiedegung bezuelt gouf an datt och d'Käschte fir en MBA-Studium iwwerholl goufen. De Verband ënnersträicht awer, datt dat alles de Reegelen entspriechend ofgelaf wier, déi deemools gegollt hunn. D'Käschte vum Studium louche bei ronn 52.000 Euro d'Joer.
Laut "The Telegraph" hat d'Fra virdru bannent der UEFA e Karriär-Sprong gemaach. Si wier vun enger administrativer Funktioun op e Féierungsposte geklommen, an hire Salaire wier däitlech an d'Luucht gaangen, an zwar ëm ronn 30% op 160.000 Schwäizer Frang (171.000 Euro).
D'FIFA weist d'Virwërf zeréck. An enger Stellungnam heescht et, d'Beschëllegunge wieren "kategoresch falsch". All Decisiounen am Zesummenhang mat Mataarbechter a Bezuelunge wieren no de gültege Reegelen an duerch déi zoustänneg Instanze getraff ginn.
No Aussoe vu fréiere UEFA-Mataarbechter soll den deemolegen UEFA-President Michel Platini den Infantino wéinst där Affär zur Ried gestallt hunn. Elo wëll d'UEFA opklären, wat sech deemools genee ofgespillt huet.