Steet am Guinnessbuch vun de WeltrekorderD'Betty Bromage ass déi eelste "Wing Walkerin" op der Welt

RTL mat Reuters
Mat 97 Joer mécht d'Brittin Stunts, un déi vill Leit wärend hirer Liefzäit emol net géifen denken.
D'Betty Bromage ass déi eelste "Wing Walkerin" op der Welt
Mat 97 Joer mécht d'Brittin Stunts, un déi vill Leit wärend hirer Liefzäit emol net géifen denken.

Eng 97 Joer al Fra aus Groussbritannien huet hiren eegene Weltrekord gebrach. Si ass nämlech déi eelste weiblech "Wing Walkerin" op der Welt. De 4. August war d'Betty Bromage nees mam Fliger oder besser gesot um Fliger ënnerwee an huet sech esou eng weider Kéier e Zertifikat vu Guinness World Record erschafft.

Hiren éischte Rekord hat si viru ronn véier Joer opgestallt a mat dësem Versuch wollt si net just hir Leeschtung zementéieren, mä och nach Sue fir de gudden Zweck sammelen. D'Geld, wat dobäi nämlech erakoum, geet un déi Unitéit vum Cheltenham General Hospital, an déi Leit ageliwwert ginn, déi en Hiereschlag haten. D'Betty Bromage louch 2025 no engem Schlag selwer op dëser Statioun.

"Et gëtt mir soss am Liewen ze langweileg", erzielt si der BBC, nodeem si an de leschte 10 Joer sechs Mol e "Fligel-Spadséiergang" gemaach huet. "Ech kann net méi fueren, well ech net méi gutt gesinn. Dat ass frustréierend. Dowéinst wëll ech Saache maachen, déi ech maache kann", esou der Betty Bromage hire Fazit.

Back to Top
CIM LOGO