Futtball-WMMarokko äiskal, Frankräich gedëlleg an allebéid sti se an der Véierelsfinall

Steven Milbert
E Samschdeg den Owend goufen am Kader vun den Aachtelsfinallen op der WM a Kanada, Mexiko an den USA déi éischt Matcher gespillt. Dobäi si Kanada op Marokko a Frankräich op Paraguay getraff.
© Abdulhamid Hosbas / ANADOLU via AFP

Nodeems d'Kanadier sech an de Siechzéngtelsfinalle knapps mat 1:0 géint Südafrika behaapten a sech esou fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiere konnten, wollte si géint de Marokko, wat sech an der éischter Ronn knapps am Eelefmeterschéisse géint Holland behaapte konnt, en änlecht gutt Resultat aféieren. Um Enn sollt der Lokalekipp dëst awer net geléngen. No 90 intensiven a serréierte Minutten muss sech Kanada am Endeffekt mat 0:3 géint de Marokko geschloe ginn.

Am anere Match vum Owend kruten d'Spectateure kee Futtballspektakel ze gesinn: Géint e kompakt a kämpferescht Paraguay hunn d'Fransouse vill Gedold gebraucht, bis den Mbappé an der 70. Minutt per Eelefmeter fir d'Decisioun gesuergt huet. Paraguay huet laang gutt dogéint gehalen, offensiv awer ze wéineg gewisen, fir de Favorit wierklech zum wackelen ze bréngen. Um Enn wënnt Frankräich mat 1:0 géint Paraguay a spillt domadder an der Véierelsfinall géint Marokko. D'Paraguayer, déi am Tour virdrun iwwerdeems Däitschland rausgeheit hunn, mussen dogéint d'Heemrees untrieden.


Paraguay - Frankräich 0:1

0:1 Mbappé (70', Eelefmeter)

Frankräich huet an der éischter Hallschent wéi erwaart de Match kontrolléiert, sech géint déif stoend Paraguayer awer laang schwéier gedoen. D'Fransousen haten däitlech méi Ballbesëtz an hu probéiert, de Géigner an der eegener Hallschent festzesetzen. Paraguay huet sech dogéint virun allem op eng kompakt Defensiv konzentréiert, d'Raim enk gemaach a mat vill Asaz verdeedegt. Trotz der franséischer Iwwerleeënheet huet et bis an déi 22. Minutt gedauert, bis den éischte Schoss a Richtung Gol komm ass. De Koné hat an der Mëtt vill Plaz an huet et aus der Distanz, säi Schoss gouf awer nach liicht ofgefälscht a goung laanscht de Gol. Och duerno blouf Frankräich beméit, mee et huet u Vitess, Iddien a Präzisioun am leschten Drëttel gefeelt.

Déi éischt richteg kadréiert Aktioun ass et dunn an der 36. Minutt no engem Corner. ginn De Koundé krut de Ball an huet et per Volley probéiert, mä säi Schoss war ze zentral a gouf vum paraguayesche Golkipp Gill ouni Problemer opgefaangen. Kuerz drop, an der 38. Minutt, koum och den Dembelé nach eng Kéier zum Ofschloss, mee och dëse Versuch huet net fir déi franséisch Féierung gesuergt. Esou goung et zu Philadelphia mat engem 0:0 an d'Paus. Frankräich hat d'Kontroll, mä Paraguay konnt mat senger defensiver an disziplinéierter Aart a Weis ze spillen verhënneren, datt de Favorit virun der Paus zu wierklech grousse Golchancë koum.

No der Paus huet Frankräich probéiert, méi Vitess an d'Partie souwéi de paraguayesche Defensivblock endlech a Verleeënheet ze bréngen. D'Fransousen haten direkt nees méi Ballbesëtz a sinn awer och méi konsequent zum Ofschloss komm. Déi bescht Chance an dëser Phas hat de Koné an der 55. Minutt, wéi hien de Ball aus ronn 20 Meter geféierlech a Richtung Gol gezierkelt huet. De Gill am paraguayesche Gol huet sech ganz laang misse maachen a konnt och dëse Versuch um Enn dach entschäerfen. Mat der Zäit ass de franséischen Drock ëmmer méi grouss ginn. Och de Rabiot an den Dembelé hunn hiert Gléck probéiert, mee Paraguay huet weider mat vill Asaz verdeedegt an hat am Gill e séchere Réckhalt. An der 66. Minutt koum dunn awer déi entscheedend Zeen: Den Doué ass iwwer lénks an de Strofraum agedrongen a gouf do kloer vum Diego Gomez gefoult. Den Arbitter hat d'Situatioun fir d'éischt net gesi gehat, mä nom Aschalte vum VAR huet hien op Eelefmeter decidéiert.

Dësem huet sech den Mbappé ugeholl. De franséische Kapitän ass cool bliwwen an huet de fällege Penalty an der 70. Minutt verwandelt. Domadder ass Frankräich verdéngt a Féierung gaangen, och wann et géint déi kompakt Paraguayer vill Gedold gebraucht huet. Paraguay huet dono misse méi no vir spillen, koum awer laang kaum geféierlech virun de franséische Gol. An der Schlussphas ass et nach eemol op béide Säite méi spannend ginn. An der 89. Minutt huet den Mbappé et aus der Distanz probéiert, mee och dëse Schoss konnt de Gill entschäerfen. Bal am Géigenzuch koum Paraguay dunn zu sengem éischte Schoss op de franséische Gol. Trotz dëser spéider Offensivaktioun ass et de Südamerikaner awer net méi gelongen, Frankräich wierklech a gréisser Problemer ze bréngen, soudatt si um Enn mat 0:1 de Kierzeren zéien an d'Heemrees nees untriede wäerten.


Kanada - Marokko 0:3

0:1 Ounahi (50'), 0:2 Ounahi (82'), 0:3 Rahimi (90'+8)

Kanada ass staark an de Match gestart an hat an der éischter Hallschent kloer méi vum Spill. D'Kanadier hu mat vill Vitess no vir gespillt a sech fréi gutt Occasiounen erausgespillt. Besonnesch den David an den Oluwaseyi haten d'Féierung um Fouss respektiv um Kapp, mä de Bono am marokkanesche Gol war direkt hellwakereg an huet seng Ekipp am Match gehalen. Marokko hat offensiv laang Problemer a koum nëmme seele geféierlech virun de kanadesche Gol. Dofir gouf de Match mat der Zäit ëmmer méi intensiv: Vill Zweekämpf, Emotiounen a ganzer sechs giel Kaarte schonn an den éischte 45 Minutten hunn d'Spill gepräägt. Trotz der kanadescher Iwwerleeënheet goung et awer mat engem 0:0 op den Téi.

No der Paus huet Marokko de Match awer komplett op de Kapp gestallt. Direkt an der 50. Minutt huet den Ounahi no engem flaach gespillte Fräistouss mam éischte Kontakt fir den 1:0 gesuergt. Kanada huet dono probéiert, den Drock nees ze erhéijen an de Match nees u sech ze rappen, mee d'Marokkaner stoungen defensiv kompakt a ware virun allem bei hire Konteren ëmmer geféierlech. D'Kanadier hu weider vill investéiert, sinn awer ëmmer nees um Bono oder un der marokkanescher Defensiv hänke bliwwen. Op där anerer Säit huet de Marokko seng Momenter äiskal ausgenotzt. No engem Feelpass vum De Fougerolles am Opbauspill hunn d'Marokkaner séier ëmgeschalt: De Brahim Diaz krut de Ball riets am Strofraum, huet e Géigner ausgedribbelt an op den Ounahi zeréckgeluecht. De Marokkaner huet net laang gezéckt a mat engem sate Schoss säin zweete Gol vum Dag markéiert. Domadder war kloer: Kanada mécht de Match, mee Marokko mécht d'Goler.

Och dono huet Kanada net opginn a weider no enger Äntwert gesicht. An der Schlussphas koum de Buchanan nach eng Kéier geféierlech aus der Distanz zum Ofschloss, mee de Bono war nees do a konnt de Ball decisiv deviéieren. Marokko huet sech an dëser Phase ëmmer méi zeréckgezunn, d'Raim enk gemaach an op déi nächst Konterméiglechkeete gewaart. Eng dovu koum an der 85. Minutt: De Bono huet eng Flank vun de Kanadier ouni Problemer ofgefaangen an direkt de Konter ageleet. De Ball koum bei den Ounahi, deen de Ball vu riets an de Strofraum bruecht huet, wou de Rahimi zum Kappball koum. Säi Versuch ass awer just un der Lat gelant. Kuerz viru Schluss hunn d'Marokkaner dunn awer nach eng Kéier zougeschloen. Géint wäit opgeréckelt Kanadier hat Marokko vill Plaz fir ze konteren. De Brahim Diaz huet de Ball no vir gedriwwen an op der lénker Säit op de Rahimi ofgeluecht. Dëse blouf virum Crépeau äiskal an huet de Ball laanscht de kanadesche Golkipp am Gol ënnerbruecht. Mat dëser véierter Golaktioun hunn d'Marokkaner den drëtte Gol vum Dag markéiert an domadder definitiv fir d'Decisioun gesuergt.

Um Enn wënnt Marokko mat 3:0 géint Kanada. D'Kanadier waren iwwer wäit Deeler vum Match déi méi aktiv Ekipp, mä Marokko huet mat grousser Effizienz, engem staarke Bono am Gol an engem geféierleche Konterspill gewisen, datt am Futtball net ëmmer déi Ekipp belount gëtt, déi méi vum Spill huet, mä déi, déi hir Momenter konsequent notzt.

Alles ronderëm d’WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO