Investoren-AffärFIFA-Spëtzt steet "ouni Aschränkung" hannert dem Gianni Infantino

RTL mat AFP
De FIFA-President Gianni Infantino huet bis op Weideres nees Réckendeckung vu senger Féierungsspëtzt.
De FIFA-President Gianni Infantino wärend dem WM-Match USA-Paraguay.
De FIFA-President Gianni Infantino wärend dem WM-Match USA-Paraguay.
© FREDERIC J. BROWN/AFP

No enger Krisereunioun e Mëttwoch a Marokko gouf eng Erklärung publizéiert, an där de Generalsekretär Grafström an déi aner Exekutivmemberen dem Schwäizer de Réck stäipen. Gläichzäiteg gëtt een Feeler zou bei der Kommunikatioun, fir d'Pläng fir Investisseuren fir d'Fussball-WMen zouzeloossen. Allerdéngs wieren d'Medien och Schold, déi zum Deel falsch bericht hätten an domat fir Onrou gesuergt hätten. Dass den Investitiouns- a Privatisatiounsolang generell falsch gewiescht wier, doriwwer steet an der Erklärung kee Wuert.

Generalsekretär steet hanner President a President hanner Generalsekretär

Den Gianni Infantino wier deen "eenzege President, dee vun all den 211 FIFA-Memberfederatioune gewielt gouf", heescht et an der Deklaratioun weider. Den Infantino selwer huet "seng voll Ënnerstëtzung fir de FIFA-Generalsekretär an d'FIFA-Administratioune souwéi fir deenen hir noutwenneg a groussaarteg Aarbecht bei der Ëmsetzung vu senger Visioun" bekräftegt. Wie genee ausser dem President an dem Generalsekretär bei der Krisesëtzung vun den Exekutivmemberen dobäi waren, ass aktuell nach net kloer.

D'Investoren-Affär, déi de Futtball-Weltverband reegelrecht geschockt huet, hat dozou gefouert, datt verschidde Federatiounen de Récktrëtt vum Infantino gefuerdert hunn. D'Spëtzt vum Weltverband huet elo awer zouginn, datt "Feeler ënnerlaf wieren". Et wier ni d'Zil gewiescht, de Memberfederatiounen "d'Gefill ze ginn, vum Prozess ausgeschloss ze sinn". D'Verfaren hätt "anescht misste gehandhaabt ginn", esou d'Vertrieder vum Exekutivcomité. An engem Schreiwes un d'Memberverbänn hätt ee sech dowéinst entschëllegt a versprach, "datt sech esou Virfäll net widderhuele wäerten".

Am selwechten Ament warnt d'Spëtzt vun der FIFA mam Bléck op hir Kritiker: "D'FIFA wäert keng Attacken op hir Integritéit akzeptéieren an all erfuerderlech Moossnamen ergräifen, fir hire Ruff ze verdeedegen".

Den Gianni Infantino huet op Instagram eng Foto publizéiert, datt hien an de Generalsekretär Mattias Grafström weist, wéi si laachen an den Daum erop weisen. Als Text hat hien dobäi geschriwwen: "Mir si fest dovun iwwerzeegt, datt d'Resultater vun der Sëtzung haut d'Gouvernance vun der FIFA stäerken an dozou bäidroe wäerten, datt d'Vertrauen an d'Organisatioun nees hiergestallt gëtt". En Dënschdeg hat et nach vu verschiddene Medie geheescht, datt de Grafström sech an engem interne Schreiwes vum Infantino distanzéiert hätt.

Investoreplang als Basis vu Sträit

Hannergrond vun den aktuelle Problemer bei der FIFA ass den ëmstriddenen Investoreplang vum Infantino. Dëse hat virgesinn, datt een eng kommerziell Duechterentreprise mam Numm "FIFA Forward Entreprise" (FFE) gegrënnt sollt ginn. Si soll Kompetitiounen wéi d'Weltmeeschterschaft an d'Club-WM vermaarten. Privat Investisseuren hätte bis zu 20 Prozent Parte kéinte kafen.

Op Grondlag vun enger Bewäertung vun 20 Milliarden US-Dollar wollt d'FIFA bis zu 4,2 Milliarden Dollar erakréien. Den Infantino huet am selwechten Ament all den 221 FIFA-Memberen versprach hunn, datt si eemoleg 20 Milliounen Dollar kéinte kréien, dat awer just, wann d'Federatioune senge Pläng zoustëmmen.

Nodeem dës Pläng ëffentlech goufen, hu sech vill Säite schockéiert gewisen, et war ënner anerem vun engem "Ausverkaf" vun der Séi vum Futtball Rieds. Den europäesche Futtballverband UEFA an aner Kontinentalverbänn hu domadder gedreet, fir d'WM ze boykottéieren. Wéinst dem Widderstand huet den Infantino seng Pläng leschte Freideg zeréckgezunn. Trotzdeem huet d'UEFA dem FIFA-Chef d'Vertrauen iwwert de Weekend offiziell d'Vertrauen entzunn.

Back to Top
CIM LOGO