Fir ëmgerechent 390 EuroFIFA verkeeft Stécker vum WM-Wuess, op deem d'Finall gespillt gëtt

RTL Lëtzebuerg
Fans an den USA, Groussbritannien an an Europa kënne sech dëse WM-Souvenir no der Finall leeschten.
© JEWEL SAMAD/AFP

Net datt Ticketen op dëser Futtball-WM schonn deier genuch gewiescht wieren, elo verkeeft d'FIFA och nach Stécker vum Wuess vum East Rutherford-Stadion zu New Jersey, op deem geschwënn d'Finall gespillt gëtt. Fir ëmgerechent ronn 390 Euro kann ee kleng versigelt Stécker vum Terrain hanner Acrylglas mat engem USB-Stick kafen.

D'FIFA präziséiert an hirem Online-Shop, datt d'Stécker vum Terrain, dës "eenzegaarteg Sammlerstécker vun engem vun de gréisste Sportsevenementer vun der Welt", réischt no der Finall verschéckt kënne ginn. An dat nëmme bis elo an d'USA, Groussbritannien an Europa. Also mol net a Kanada a Mexiko, déi Co-Organisateure vum Tournoi sinn.

Back to Top
CIM LOGO