Iwwerhëlt Successioun vum Rudi GarciaMark van Bommel neien Trainer vu belscher Nationalekipp

RTL Lëtzebuerg
Et hat sech ugedeit, elo ass et offiziell: Den 49 Joer alen Hollänner gëtt neie Coach vun den "Diables rouges".
© AFP (Archiv)

Mat engem Kontrakt bis Summer 2028 soll de van Bommel d'Belsch op déi nächst Europameeschterschaft an England, Schottland, Wales an Irland féieren. Op Instagram huet déi belsch Futtballassociatioun d'Verflichtung vum Trainer bekannt ginn.

Hien iwwerhëlt deemno de Posten offiziell de 15. August. Bis ewell souz de fréiere Spiller vun ënner anerem Bayern a Barcelona bei Eindhoven, Wolfsburg an Antwerpen op der Trainerbänk.

De Rudi Garcia war zanter Januar 2025 Trainer vun de Belsch. No der Eliminatioun an der Véierelsfinall vun der Futtball-WM géint Spuenien hat hien annoncéiert, säi Kontrakt, deen den 31. Juli auslafe wäert, net ze verlängeren.

Op de Mark van Bommel waarde fir säin Optakt keng einfach Aufgaben. An der Nations League am Hierscht geet et fir déi Roud Däiwele géint Italien, Frankräich an d'Tierkei.

Back to Top
CIM LOGO