
De 17 Joer ale Stiermer, dee schonn dräi Mol fir déi lëtzebuergesch Nationalekipp opgelaf ass an 1,93 Meter grouss ass, hat en turbulente Start zu Birmingham. De Madjo dierf nämlech nach keng offiziell Matcher spillen, well hien ënner 18 Joer al ass an aus dem Ausland kaf gi war. Domat ass hien dem Artikel 19 vun de FIFA-Reegelen no, deen international Transferte vu Spiller ënner 18 Joer verbitt, net spillberechtegt. Dës Reegelung war 2020 a Kraaft getrueden, wéi Groussbritannien d'EU verlooss hat.
Bei sengem éischten Asaz vun Ufank un an engem Testmatch géint de Véiertligist Walsall huet de jonke Stiermer säi ganzt Potenzial gewisen a bannent deenen éischte 45 Minutten zwee Goler geschoss. Um Enn gouf et eng 5:0-Victoire fir Aston Villa. Dës Leeschtung huet him an de soziale Medien immens vill Opmierksamkeet a Luef abruecht a vill Fans vun Aston Villa hu gefuerdert, hien déi nächst Saison an de Kader opzehuelen. Hie stoung vun Ufank un nieft etabléierte Spiller wéi dem Emiliano Buendia, Leon Bailey oder Ian Maatsen um Terrain.
Aktuell si seng Asätz an Zukunft nach ongewëss, well Aston Villa den 1. Juli beim Sportsgeriicht an Appell géint seng Registréierung goe wëll, nodeems en am Januar fir 12 Milliounen Euro vu Metz verflicht gi war. Sollt den Appell Succès hunn, wäert de Madjo viraussiichtlech den 23. August beim Saisonoptakt vun der Premier League géint Brighton am Kader vun de "Villans" stoen. Am anere Fall muss hie waarden, bis hien den 12. Januar 2027 18 Joer al gëtt.
De Brian Madjo hat am August 2025 d'Nominéierung vum Lëtzebuerger Nationaltrainer Jeff Strasser net ugeholl. Kuerz drop ass hie fir d'U19 vun England opgelaf.