
Am zweeten Tour vun der Qualifikatioun fir d'Futtball Conference League spillt d'UNA Stroossen en Donneschdeg den Owend den Allersmatch bei Partizan Belgrad. Ustouss ass um 21 Auer.
D'Serbe gëllen an deem Duell als grousse Favorit. Méi wéi 15.000 Fans wäerten am Stadion sinn. De Retourmatch heiheem ass an enger Woch.