10 bis 12,5%D'USA hunn erëm Strof-Taxe géint am ganze 60 Länner decidéiert

RTL Lëtzebuerg
Déi viséiert Länner géifen net genuch géint Zwangsaarbecht virgoen, sou d'Wäisst Haus.
Den Donald Trum beim Verloosse vun der Air Force One
Den Donald Trum beim Verloosse vun der Air Force One
© AFP/Archiv/SAUL LOEB

D'USA hunn erëm Strof-Taxen géint am ganze 60 Länner decidéiert, 10 bis 12,5% méi, gëlle vu 6 Auer e Freideg de Moien un. De Grond deen d'Wäisst Haus nennt ass, dass déi viséiert Länner net genuch géint Zwangsaarbecht virgoe géifen. Dofir kéint een en urale Paragraf aus dem Handelsgesetz spille loossen, deen eng rechtlech Grondlag fir déi Taxe-Politik zouléisst, ouni den Accord vum Kongress.

Déi ganz EU ass mat 10% méi concernéiert, China a Japan mat 12,5%. Eenzel Länner hu schonns reagéiert a rëselen de Kapp. Déi Reegelung géif iwwerhaapt kee Sënn maachen, heescht et beispillsweis aus Australien. Brasilien schwätzt vu arbiträren a komplett onbegrënnten Argumenter.

Back to Top
CIM LOGO