Coupe am Futtball: 1. RonnRéiden, Fiels, Duelem a Pärel suerge fir eng Iwwerraschung

Jeff Birsens
An der 1. Ronn vun der Coupe de Luxembourg konnte sech Réiden, Fiels, Duelem a Perlé jeeweils géint eng Ekipp aus enger méi héijer Divisioun behaapten.

E Sonndeg gouf am nationale Futtball de Gros vun de Matcher aus der 1. Ronn gespillt.

Fir eng Iwwerraschung huet dobäi den FC Réiden gesuergt. D'Ekipp aus der 2. Divisioun konnt sech géint den FC Olympia Chrëschtnech aus der 1. Divisioun mat 2:1 duerchsetzen.

Dat selwecht ass och den Ekippe vu Fiels an Duelem aus der 2. Divisioun gelongen. Am Match géint Mäertert-Waasserbëlleg aus der 1. Divisioun huet sech d'Fiels nämlech mat 1:0 duerchgesat a fir Duelem gouf et eng 2:1-Victoire géint Miedernach.

Och den FC Perlé aus der 3. Divisioun ass e Coup gelongen. Géint Kënzeg aus der Divisioun driwwer gouf et eng 3:2-Victoire no dräi Goler vum Fabio Correia Ribeiro.

Knapp d'Iwwerraschung verpasst hunn d'Union Käl-Téiteng géint Dikrech an d'Jeunesse Jonglënster géint Mäerzeg. Béid Ekippen aus der 2. Divisioun hu sech jeeweils missen am Eelefmeterschéisse geschloe ginn.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO