Wéinst deene gudde Performancen an de leschte Joren um internationale Parquet, dierfen d'Damme vum Racing direkt am zweeten Tour untrieden. Engersäits ass dat wierklech eng flott Recompense, ob der anerer Säit huet et de Géigner a sech. Mat Helsinki kënnt eng Ekipp op Lëtzebuerg, déi schonn am Rhythmus ass. Wärend de Racing eréischt um Ufank vun der Saison steet, leeft de Championnat a Finnland schonn zanter Méint. 14 Matcher goufe bis ewell gespillt an Helsinki huet der 13 gewonnen.
D’Elodie Martins, Trainerin vum FC Racing: “Si si schonn am Championnat voll am Gaang a mir si nach an der Virbereedung. Mee esou ass de Futtball. Et ka sinn, dass si wat de Rhythmus ugeet e klenge Virdeel hunn. Ob si awer och méi Loscht hunn oder méi Qualitéit matbréngen, dat weess ech net. Mir sinn eis awer bewosst, dass mir an der zweeter Qualifikatiounsronn stinn an dat ass net selbstverständlech. Mir wëssen, dass et eng ganz schwéier Aufgab gëtt. Mir hunn op alle Fall vill dofir geschafft. Elo zielt just nach d'Wourecht um Terrain.”
Fir sech optimal op dës wichteg Partie virzebereeden, huet den FC Racing an de leschte Wochen e puer Sacrificë misse maachen.
D’Marta Estevez, Spillerin vum Racing: “Keen ass an d'Vakanz gaangen, mir sinn all säit Ufank un do a mir wëllen och eppes erreechen, dat heescht mir schaffen all haart. D’Frëndschaftsmatcher ware bis elo gutt a mir hunn nach ee géint Metz, wou d'Intensitéit och héich wäert sinn a wou mer eis scho gutt aspille kënnen, fir dann Mëttwoch prett ze sinn.”
Mat siwen neie Spillerinnen huet sech de Kader am Summer verännert. D'Frëndschaftsmatcher hunn dobäi gehollef, déi nei Spillerinnen an d'Ekipp ze integréieren. Fir de Match géint Helsinki schenkt awer net jiddwereen fit sinn. Eng Blessure ausgerechent virun engem Champions-League-Match ass besonnesch batter.
D’Julie Wojdyla, Kapitänin vum FC Racing: “Et deet natierlech wéi, well een déi ganz Saison schafft, fir genee esou Matcher kënnen ze spillen. Fir mech perséinlech geet et awer och ëm eng aner Fro: Ass dat meng lescht Saison, oder kommen nach aner? Sollt et wierklech meng lescht Saison sinn, da wier et natierlech immens batter, esou ee Match ze verpassen. Mee wann ech net den éischte Match spille kann, da vläicht deen zweeten... egal, wéi den éischten ausgaangen ass. Op alle Fall wäerte mir alles ginn. A wann ech dofir um Terrain muss bis un d'Limitt goen, da maachen ech dat och.”
Anescht wéi bei den Häre gëtt dësen zweeten Tour am Turnéierformat gespillt. Onofhängeg vum Resultat géint Helsinki steet fir de Racing nach eng zweet Partie um Programm. Fir weider op der europäescher Bün ze bleiwen, muss d'Lëtzebuerger Ekipp op d'mannst ee Match gewannen. Genee dat ass och den Zil vum Elodie Martins an hire Spillerinnen.