No CONCACAF an UEFAOch déi asiatesch Federatioune stelle sech géint d'Pläng vum FIFA-President

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg hate jo schonn déi europäesch wéi och déi nord- an zentralamerikanesch Federatioune matgedeelt, datt si d'FFE-Pläng vum Gianni Infantino net wéilten ënnerstëtzen.
© CHANDAN KHANNA/AFP

E Freideg de Moien huet d'AFC dann nogezunn a stellt sech hannert d'Decisioune vun der UEFA an der CONCACAF, andeem een de Widderstand géint den Investore-Plang vun der FIFA verstäerkt. De Wuertlaut ass dann och ganz änlech, wéi bei den zwou anere grousse Federatiounen. Et weist ee sech "déif besuergt" iwwer d'Pläng vun der FIFA wéi och iwwer "den Decisiounsprozess."

"Datt d'Situatioun esou wäit eskaléiert, datt e Boykott vun enger Weltmeeschterschaft ëffentlech diskutéiert gëtt, sollt jidderee beonrouegen, deem d'Zukunft vun eisem Sport um Häerz läit", heescht et vun der AFC. "De Futtball hätt ni dierften an esou eng Situatioun geroden. [...] Esou en Usaz ënnergrueft d'Vertrauen an d'Féierung vun der FIFA a minimiséiert d'Autoritéit vun den offizielle Gremien." Dofir hëlt d'AFC déi selwecht "kloer Positioune vun der UEFA a CONCACAF" an an ass der Meenung, datt d'FIFA net den néidege breede Konsens wäert kréien, déi ee fir de Succès vun dëser Propos brauch.

D'UEFA, d'CONCACAF an d'AFC vertrieden zesummen 136 vun den 211 Memberfederatiounen. Wann et bei dësen Decisioune bleift, huet den Infantino bei der Ofstëmmung keng Chance, fir op déi 106 Verbänn ze kommen, déi hie bräicht, fir säi Plang ëmzesetzen.

Back to Top
CIM LOGO