
Portugal - Spuenien 0:1
0:1 Merino (90+1')
Zu Arlington am Texas hunn d'Spectateuren eng animéiert Ufanksphas gesinn, an där béid Ekippe scho fréi zu villverspriechenden Ofschlëss komm sinn. Déi bescht Chance hat de spuenesche Stiermer Oyarzabal no e puer Minutten, hie konnt säi Schoss awer net cadréieren. De Yamal an de Baena hunn de Costa am portugisesche Gol getest an op der anerer Säit ass de Ronaldo um Simón hänke bliwwen.
An der Suite hat den aktuellen Europameeschter du méi vum Ball, ouni awer de Match wierklech ze dominéieren an ouni sech allze vill kloer Geleeënheeten erauszespillen. Kuerz virun der Paus hat Portugal eng Drockphas an huet a Persoun vum Mendes no engem Corner d'Lat getraff. De Porro hat de Schoss vum Portugis nach mam Kapp deviéiert. Mam Score vun 0:0 huet den Arbitter d'Ekippen an d'Vestiairë geschéckt.
Deen zweeten Duerchgang huet ganz anescht wéi deen éischten ugefaangen, soudass et bis an déi 60. Minutt gedauert huet, ier eng Ekipp nees en Ofschloss verzeechne konnt. Bei der Seleção huet de PSG-Defenseur Nuno Mendes iwwerdeems musse verletzungsbedéngt ausgewiesselt ginn. Béid Ekippe waren drop beduecht, Feeler z'evitéieren an net ze vill Risiko anzegoen, soudass et kaum méi geféierlech Aktioune gouf. An der Schlussphas hat Spuenien méi Ballbesëtz an huet och e wéineg méi op den 1:0 gedréckt. Kloer Golchancë sinn awer weiderhi kaum dobäi erausgesprongen.
De ganzen Dallas Stadium dierft deemno mat enger Verlängerung gerechent hunn, ma an der Nospillzäit gouf de Merino schéi vum Torres an Zeen gesat a konnt aus dem Näischt den 1:0 fir Spuenien markéieren. Béid Spiller ware vum Luis de la Fuente agewiesselt ginn. Portugal huet dunn alles no vir gehäit an ass duerch de Silva nach zu enger gudder Chance komm, um Enn sollt et awer beim 1:0 bleiwen. Scho bei der EM 2024 war et de Merino, deen d'Spuenier an der Véierelsfinall géint Däitschland a leschter Minutt eng Ronn weider geschoss hat.
Et ass domat déi éischte Kéier zanter 2010, dass Spuenien bei enger WM nees an der Véierelsfinall steet. Och deemools hat ee sech an der Aachtelsfinall 1:0 géint Portugal duerchgesat.
Mat der portugisescher Eliminatioun dierft et och de leschte WM-Match vum 41 Joer ale Superstar Cristiano Ronaldo gewiescht sinn.
USA - Belsch 1:4
0:1 De Ketelaere (9'), 1:1 Tillman (31'), 1:2 De Ketelaere (33'), 1:3 Vanaken (57'), 1:4 Lukaku (90+3')
Zu Seattle (Washington) gouf de Véierelsfinall-Géigner vu Spuenien an der Partie tëscht den USA an der Belsch ermëttelt. D'Belsch hu besser an de Match fonnt an haten an den éischte Minutten direkt e puer Occasiounen op d'Féierung, wouvu si eng och notze konnten. No enger Onopmierksamkeet an der amerikanescher Defense ass de Raskin am US-Strofraum un de Ball komm an huet deen an d'Mëtt geluecht, wou den De Ketelaere d'Lieder zum 1:0 iwwer d'Linn gedréckt huet.
No enger ganz nervöser éischter Véierelsstonn hunn d'USA sech an der Suite gefaangen. Bei de Belsch huet iwwerdeems dee bis dohi gudden Onana musse verletzt ausgewiesselt ginn. No enger hallwer Stonn huet den Tillman de Ball mat engem direkte Fräistouss am Gol ënnerbruecht, well de Vanaken en onhaltbar fir de Courtois ofgefälscht hat. Den 1:1 sollt awer net laang halen. Ronn zwou Minutten dono huet den Trossard mat enger Flank den De Ketelaere fonnt, deen zum 2:1 fir d'Belsch akäppe konnt.
Nom Säitewiessel war et dunn ee Match op Aenhéicht. D'USA hate méi de Ball, hu sech géint eng kompakt belsch Defense awer schwéier gedoen. No enger knapper Stonn ass den US-Golkipp Freese aus dem Gol komm, fir eng ze wäit Pass ofzefänken. Hien ass de Ball awer net séier genuch nees lass ginn, soudass den De Ketelaere him en ofhuelen an dem Vanaken passe konnt, deen aus ronn 30 Meter just nach an den eidele Gol huet musse schéissen.
An der Suite hunn d'USA no an no den Drock erhéicht, d'Belsch stoungen awer defensiv sécher an hu kaum eppes zougelooss. Déi bescht Chance hat de Balogun no ronn 80 Minutten, hien ass awer um Courtois hänke bliwwen. An der Nospillzäit huet de Lukaku dunn no engem weidere Feeler an der US-Defense fir de 4:1 gesuergt.
Domat goufen déi 3 Natiounen, déi dës WM ausdroen, alleguerten an den Aachtelsfinallen eliminéiert. An der Véierelsfinall trëfft d'Belsch e Freideg zu Inglewood (Kalifornien) am europäeschen Duell op Spuenien.
Alles ronderëm d'WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.