Am éischte Match vum Owend huet sech Argentinien no enger spektakulärer Schlussphas mat 3:2 géint Ägypten duerchgesat a steet domadder an der Véierelsfinall. D'Albiceleste louch laang hannen, mä huet de Match an de leschten zéng Minutten nach komplett gedréint. Dobäi hat laang villes no enger grousser Iwwerraschung ausgesinn, well Ägypten couragéiert opgetrueden ass an Argentinien ëmmer nees viru Problemer gestallt huet. Um Enn huet sech den Titelverdeedeger awer mat Moral, Qualitéit an enger staarker Schlussphas nach aus enger schwiereger Situatioun befreit.
Duerno huet sech d'Schwäiz duerch eng 4:3-Victoire géint Kolumbien am Eelefmeterschéissen de leschten Ticket fir d'1/4-Finalle geséchert. Zu Vancouver war et laang Zäit eng Partie ouni wierklech vill Héichpunkten a mat villen Zweekämpf am Mëttelfeld. Well weder no 90 nach no 120 Minutten keen e Gol schéisse konnt, ass et an d'Eelefmeterschéisse gaangen, wou d'Feelschëss vum Davinson Sanchez a Cucho Hernandez d'Decisioun bruecht hunn.
Am Stadion zu Vancouver hunn déi gutt 50.000 Spectateuren ufanks een intensive Match mat villen Zweekämpf an deemno och enger Rei Ënnerbriechungen ze gesi krut. Op eng éischt gutt Golchance hu si och gutt 20 Minutte waarde missen. Kuerz virun der éischter Hydration Break war et de Puerta, dee mat engem Distanzschoss de Gregor Kobel op d'Prouf gestallt huet, ma dee konnt de Ball nach mat béiden Hänn aus dem Wénkel fëschen.
Och d'Schwäiz hat duerno am Numm vum Rieder eng éischt gutt Chance, ma sou richteg Gefor sollt op deenen zwou Säiten net wierklech opkommen. Bis zu der Paus ass et also mol beim 0:0 bliwwen. Nom Säitewiessel hat d'Schwäiz da gutt an de Match fonnt an hat 1-2 Chancë fir en éischte Gol, ass awer ouni Succès bliwwen. No an no huet dann och Kolumbien nees era fonnt, sou datt sech déi Zwee nees op Aenhéicht begéint hunn.
D'Partie huet an der Schlussphas héchstens nach vun der Spannung gelieft, well spilleresch, virun allem virum Gol, sou gutt wéi näischt geschitt ass. No 90 Minutten ouni Goler ass et also an d'Verlängerung gaangen.
Do waren et dann d'Kolumbianer, déi de Stadion an der 99. Minutt kuerz méi haart gelooss ginn hunn. No engem Corner huet de Lucumi nämlech aus ronn fënnef Meter d'Lat getraff. Och an deene Minutten duerno ware si da weider engagéiert an hu mat der Ënnerstëtzung vun de kolumbianesche Fans weider den 1:0 gesicht. D'Schwäiz war weider och beméit, de Wee no vir ze sichen. Béid Defensen an deels och béid Golkipper hunn awer all Attack verhënnert krut, sou datt et no 120 Minutten an d'Eelefmeterschéisse gaangen ass.
Do huet ee Schoss op d'Lat vum Davinson Sanchez an eng Parad vum Gregor Kobel den Ënnerscheed gemaach an d'Schwäiz an d'1/4-Finalle bruecht.
0:1 Ibrahim (15'), 0:2 Ziko (67'), 1:2 Romero (79'), 2:2 Messi (84'), 3:2 Fernandez (90'+2)
Argentinien ass als Favorit an de Match gaangen, huet sech awer géint couragéiert Ägypter schwéier gedoen. Mat der éischter gudder Aktioun vun den Ägypter goufen d'Argentinier nämlech kal erwëscht: No engem Corner ass de Ball beim Attia gelant, deen héich an de Strofraum gespillt huet. Do huet sech den Ibrahim am Kappballduell duerchgesat an d'Nordafrikaner mat 1:0 a Féierung bruecht. Argentinien huet nom Réckstand direkt probéiert ze reagéieren an hat nëmme véier Minutte méi spéit déi grouss Chance op den Ausgläich. Nodeems den Tagliafico am Strofraum vum Hassan gefoult gi war, krut Argentinien en Eelefmeter vum Arbitter zougesprach. De Messi huet sech dem Penalty ugeholl, mä den ägyptesche Golkipp Shoubeir huet dee richtegen Eck geroden an de schlecht placéierte Schoss vum Messi paréiert. Domadder huet de Messi schonn säin zweeten Eelefmeter bei dëser WM verschoss.
An der Suite huet Argentinien den Drock ëmmer méi erhéicht. Esou huet den De Paul eng Flank op de MacAllister geschloen, deem säi Kappball vum Shoubeir mat enger staarker Parade ëm de Potto deviéiert gouf. Och e Fräistouss vum Messi, deen um Potto gelant war, huet fir Gefor gesuergt, ier den argentinesche Kapitän an der 38. Minutt nach eng Kéier ofgezunn huet, de Ball awer däitlech iwwert de Gol gesat huet. Kuerz drop huet och den Tagliafico et mat engem Volleyschoss aus der Distanz probéiert, mä nees war de Shoubeir op der Plaz. Esou goung et mat enger iwwerraschender 1:0-Féierung fir Ägypten an d'Paus. Argentinien hat zwar méi vum Spill an huet nom Réckstand däitlech méi Drock gemaach, mä si sinn ëmmer nees un engem staarke Shoubeir hänke bliwwen, soudatt een op argentinescher Säit wuel dem verschossenen Eelefmeter an der feelender Präzisioun virum Gol nogekrasch huet.
No der Paus huet Argentinien probéiert, direkt méi Drock opzebauen, mä Ägypten ass defensiv weider kompakt bliwwen an huet ëmmer nees op séier Kontere gelauert. An enger Phase, an där d'Argentinier ëmmer méi riskéiere missten, hunn d'Ägypter kuerz fir Freed gesuergt: Den Ziko hat no engem séiere Konter zwar getraff, mä de Gol gouf nom Aschalte vum VAR wéinst engem Foul am Virfeld zeréckgeholl. Kuerz drop huet Ägypten dunn awer dach nogeluecht. No engem staarke Virpresche vum Salah a vum Hassan koum de Ball an d'Mëtt bei den Ziko, deen aus kuerzer Distanz humorlos op 2:0 gestallt huet. Zu deem Zäitpunkt huet villes dono ausgesinn, wéi wann den Titelverdeedeger virum Aus géif stoen. Argentinien hat zwar vill vum Spill, mä et huet un der leschter Prezisioun gefeelt, an am ägyptesche Gol war de Shoubeir laang Zäit kaum ze iwwerwannen.
An der Schlussphas huet de Match sech dunn awer komplett gedréint. Fir d'éischt huet de Romero no enger Flank vum Messi per Kapp op 1:2 verkierzt an der Albiceleste nei Hoffnung ginn. Nëmme wéineg Minutte méi spéit huet de Messi säi Feeler vum ratéierten Eelefmeter aus der éischter Hallschent nees guttgemaach a mat engem Schoss aus der zweeter Rei den 2:2 markéiert. Domadder war Argentinien nees voll am Match an et sollt nach besser kommen. An de leschte Minutte vum Match huet den Alvarez op der lénker Säit de Ball gewonnen an e wäiten Diagonalball op de Lautaro Martinez gespillt. Dësen huet vu riets eng perfekt Flank an de Strofraum geschloen, wou den Enzo Fernandez mam Kapp do war an de Ball géint d’Lafrichtung vum Shoubeir an de Gol gesat huet. Esou huet Argentinien eng schonn bal verluere geduechte Partie nach gedréint a sech um Enn mat engem 3:2-Erfolleg an déi nächst Ronn gerett.
Alles ronderëm d'WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.