E Sonndeg stoung an der BGL Ligue de 5. Spilldag um Programm.
Am Opsteigerduell huet d'Residence Walfer d'Etzella zu Ettelbréck mat 5:0 iwwerrannt. No de Goler vum Iserentant a Fettahi war et scho mat enger verdéngter Féierung an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet dann en Hattrick vum Patrick Macedo den Deckel drop gemaach an en immens staarken Optrëtt vu Walfer belount.
D'US Munneref huet e Réckstand gedréint a bleift mat enger 2:1-Victoire géint Nidderkuer weider ouni Punkteverloscht an der neier Saison. Am Stade John Grün gouf et eng éischter onspektakulär éischt Hallschent ze gesinn, déi mat 0:0 op en Enn gaange war. No der Paus war dann eng méi lass. An der 49. Minutt huet de Samir Hadjio d'Gäscht per Kappball a Féierung bruecht, ma just zwou Minutten drop war de Progrès duerch eng Giel-Rout Kaart wéinst Hands vum Vincent Peugnet an Ënnerzuel. Vu Munneref war trotz engem Mann méi net all ze vill komm, ma no engem Corner, deen den Estrada erakäppe konnt, war d'Partie dann 20 Minutte viru Schluss op eemol nees ausgeglach. d'Munnerefer hunn déi nächst dräi Punkte gericht a sou war et de Chabaan Issaka, deen den decisiven 2:1 an der 90+4. Minutt geschoss huet.
An deene weidere Matcher vum Sonndegmëtteg huet sech d'Jeunesse mat enger 5:2-Victoire géint Rëmeleng déi éischt Punkte vun der Saison geholl, Käerjeng huet Hesper mat 6:0 deklasséiert, fir den F91 Diddeleng gouf et eng 2:1-Victoire géint Wolz an de Racing huet doheem mat Rouspert 2:2 gläich gespillt.
Fir den Ofschloss vum 5. Spilldag huet sech d'UNA Stroossen dann nach mat 2:1 géint de Champion Atert Biissen duerchgesat. Nom Ustouss ëm 18 Auer war et ee relativ schwaache Match, an deem et vill Ongenauegkeeten a kee richtege Rhythmus gouf. An der 40. Minutt konnt de Perez d'Stroossener awer iwwerraschend a Féierung bréngen. No der Paus war et dann direkt de Babou Seye, dee per Eelefmeter op 2:0 erhéicht huet. An engem weider qualitativ éischter schwaache Match war dann de Biisser an der 66. Minutt duerch de Rodrigues da Cruz nees bëssen iwwerraschend den 1:2-Uschlossgol gelongen, ma fir ee Punkt sollt et um Enn awer net méi duergoen.
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.