Biisser Géigner an der Champions-League-QualiWien ass KÍ Klaksvík vun de Färöer Inselen?

Sam Rickal
En Dënschdeg ëm 20:45 Auer spillt de Lëtzebuerger Champion Atert Biissen am 1. Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun fir den Optakt auswäerts op de Färöer Inselen.
2023 konnt sech KÍ Klaksvík fir d'Gruppephas vun der Conference League qualifizéieren
2023 konnt sech KÍ Klaksvík fir d'Gruppephas vun der Conference League qualifizéieren
© ADAM IHSE / TT NEWS AGENCY / AFP

KI Klaksvik, de Veräin aus der zweetgréisster Stad vun der Inselgrupp, ass souwuel aus Lëtzebuerger wéi och internationaler Siicht keen onbeschriwwent Blat.

Fir d'Saison 2023/24 hat sech KÍ Klaksvík als éischt Ekipp vun de Färöer Insele fir eng international Competitioun qualifizéiert. Virun 3 Joer gouf een an der Gruppephas vun der Conference League eliminéiert. Eng Partie Spiller vun deemools sinn hautzedaags nach am Kader, ënner anerem de Kapitän Jakup Andreasen, donieft och den Offensiv-Duo Arni Frederiksberg a Pall Klettskard.

An der Vergaangenheet huet KÍ Klaksvík well eng Kéier géint eng Lëtzebuerger Ekipp gespillt. An der Champions-League-Qualifikatioun konnt een 2024 den FC Déifferdeng 03 eliminéieren.

National huet de KÍ Klaksvík och remarkabel Succèsen opweises. 22 Mol de Championstitel, 7 Mol d'Coupe a 4 Mol d'Super-Coupe konnt d'Ekipp, déi hir Matcher am Stade Við Djúpumýrar spillt, feieren.

Anescht wéi de Lëtzebuerger Champion Atert Biissen, ass KÍ Klaksvík aktuell mam Championnat amgaangen. No 16 Spilldeeg steet d'Ekipp vum Trainer Magnus Powell op der zweeter Plaz an der Tabell, mat 3 Punkte Retard op de Leader NSÍ Runavík. An der 1. Divisioun vun de Färöer Insele sinn nëmmen 10 Ekippen, doduerch spillt all Ekipp dräimol géinteneen. D'Saison am Championnat huet fir KÍ Klaksvík den 8. Mäerz ugefaangen a geet den 31. Oktober op en Enn.

D'Partie vum Lëtzebuerger Champion Atert Biissen auswäerts bei KÍ Klaksvík kënnt Dir en Dënschdeg vun 20:45 Auer un am Livestream mat Commentaire op RTL Play an RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO