Coupe am HandballStandard géint Rëmeleng als Spëtzematch an der Aachtelsfinall

Yannick Glod
Déifferdeng a Käerjeng hu wuel déi einfachst Géigner an der Aachtelsfinall erwëscht. Bei den Damme sinn d'Promotionisten ënnert sech.
© Fernand Schmitz (Archiv)

Am Kader vum éischte Spilldag vun der Handballsaison gouf och den éischten Tour an der Coupe de Luxembourg ausgeloust. D'Matcher ginn de Weekend vum 3. a 4. Oktober gespillt.

Bei den Häre kritt Péiteng Besuch vum Noper Déifferdeng, Käerjeng muss op Leideleng fueren a mat Miersch a Réiden treffen zwou Ekippen aus der Promotioun openeen. Déi interessantst Matcher um Pabeier dierfte wuel Bierchem géint Dikrech a virun allem Standard géint Rëmeleng ginn.

De Coupegewënner Esch an de Finalist Diddeleng gräifen eréischt an der zweeter Ronn an.

Bei den Damme ginn am éischten Tour just zwee Matcher gespillt. Hei treffe Schëffleng an d'Entente Bieles/Péiteng souwéi Miersch an Esch openeen. Déi aner Ekippe sinn direkt fir déi nächst Ronn qualifizéiert.

Matcher am Iwwerbléck

Hären
HC Bierchem - Chev Dikrech
HC Standard - Esperance Rëmeleng
HB Miersch 75 - HC Atert Réiden
HB Péiteng - Red Boys Déifferdeng
HB Leideleng - HB Käerjeng

Dammen
HBC Schëffleng - Entente Bieles/Péiteng
HB Miersch 75 - HB Esch

Back to Top
CIM LOGO