
All Dartspiller, dee sech zoutraut, de Luke Littler an enger 501-Partie ze schloen, ka sech elo iwwer beatlukelittler.com umellen.
Fir de beschte Lëtzebuerger Dartsspiller Jim Mayer ass dat eng verréckt Iddi, mee virun allem e geniale Marketing-Coup fir de Sport: "All Reklamm fir den Dartssport ass wëllkomm. A well et mam Luke Littler ass, wäert dat nach eng Kéier eng enorm Visibilitéit fir de Sport bréngen. Et kéint gutt sinn, datt Leit sech umellen, dobäi hire Spaass um Darts entdecken an dono och selwer méi Zäit an de Sport investéieren."
Ganz esou einfach ass et awer net, iwwerhaapt géint de Littler unzetrieden. D'Plaze fir de Live-Event, deen och gestreamt gëtt, si limitéiert. Fir sech ze qualifizéieren, muss ee sech iwwer Qualifikatiounstournoien ënnert déi 20 beschten Amateurspiller packen. Op der grousser Bün gëtt dann eng klassesch 501-Partie gespillt. Eng Erausfuerderung, déi kaum méi grouss kéint sinn.
De Luke Littler dominéiert nämlech momentan d'Darts-Welt. An dëser Saison huet déi aktuell Nummer 1 all Major-Tournoi gewonnen. Beim World Matchplay, dem zweetprestigiéisten Tournoi op der Welt, huet den Englänner viru kuerzem direkt zwee Rekorder opgestallt. Mat 66 Maximumen (180 Punkten) an enger Moyenne vun 111,04 Punkten iwwer de ganzen Tournoi huet hien net nëmmen d'Konkurrenz geschockt, mee och de Rekord vum Phil Taylor aus dem Joer 2010 däitlech verbessert.
Trotzdeem schléisst de Jim Mayer eng Iwwerraschung net komplett aus: "Ech géif engem wierklech gudden Amateur eng Chance ginn, wann hien et fäerdeg bréngt, a 15 Darts auszemaachen. Sou wéi de Luke de Moment spillt, ass eng Partie a 15 Darts bal de Maximum. Fro ass elo, wien ufänkt... Wann de Luke ufänkt an op enger 12-Dart-Partie ënnerwee ass, da misst de Géigner scho bal en 9-Darter spillen, fir iwwerhaapt eng Chance ze hunn. Et ginn zwar vill extrem staark Amateurspiller, mee ënner deem Drock ofzeliwweren, mécht d'Aufgab immens schwéier."
Den 30. Oktober soll déi Sendung gestreamt ginn. Sollt et tatsächlech e Lëtzebuerger bis op déi grouss Bün packen, rechent de Jim Mayer awer net mat enger Iwwerraschung: "E Lëtzebuerger gesinn ech déi Partie éierlech gesot net gewannen. Mir hunn zwar e gudden Niveau, mee fir mat engem Spiller wéi dem Luke Littler matzehalen, feelt nach e Stéck."