
Souwuel déi Biisser ewéi och déi Stroossener haten en Donneschdegowend an der Conference-League-Qualifikatioun eng Herkulesaufgab virun der Broscht. Dëst well se allebéid eng héich Hypothéik aus dem Allersmatch matzeschleefen haten. Esou haten déi Biisser den Allersmatch géint den ungaresche Champion Györ FC doheem am Stade de Luxembourg mat 2:6 verluer an och déi Stroossener si mat enger fatzeger Defaite an den zweeten Tour vun der Quali gestart. Si hu sech missen zu Belgrad mat 0:4 géint Partizan Belgrad geschloe ginn.
Biissen huet sech am Réckmatch géint ETO FC Györ en 1:1-Remis erkämpft. De Ferber hat d'Atert-Ekipp an der éischter Hallschent a Féierung bruecht, ier de Krpić fir d'Ungaren an der zweeter ausgeglach huet. Wéinst dem 2:6 aus dem Allersmatch flitt Biissen awer um Enn mat engem Gesamtscore vun 3:7 aus der Conference-League-Qualifikatioun eraus.
De Match vun der UNA Stroossen géint Partizan Belgrad ass réischt um 20.15 Auer ugepaff ginn a gëtt deemno nach gespillt.
0:1 Ferber (28'), 1:1 Krpić (76')
Am Réckmatch géint den FC Györ hunn déi Biisser an der éischter Hallschent Moral gewisen an hu monter opgespillt. D'Atert-Ekipp ass couragéiert an de Match komm an huet sech net nëmmen op hir Defense fokusséiert, mä huet och probéiert, sech ëmmer nees selwer Golchancen erauszespillen. Esou hat de Zeghdane sech an der Ufanksphas vum Match en Häerz gefaasst an huet aus der Distanz ofgezunn, mä säi Schoss konnt a leschter Sekonn vun engem ungareschen Defenseur blockéiert ginn. Kuerz drop sinn dann och den Eddarraj an de Ferber zu Ofschlëss komm, mä allebéid konnte se de Ball net am géigneresche Gol ënnerbréngen. An der 28. Minutt konnte sech déi Biisser du fir hire couragéierten Optrëtt belounen: No enger gudder Viraarbecht vum Zeghdane huet de Roman Ferber de Ball am Gol ënnerbruecht an d'Biisser mat 1:0 a Féierung bruecht. Domadder war déi kleng Biisser-Hoffnung op eng méiglech Sensatioun nees opgeflaamt.
Mä kuerz drop sollt dës Biisser-Hoffnung e fermen Dämpfer kréien. Nëmmen dräi Minutten nom Gol huet de Zeghdane, dee bis dohin e ganz gudde Match gemaach hat, no engem Foul um Njie déi rout Kaart gesinn, soudatt déi Biisser Ekipp de Rescht vum Match zu Zéngt huet misse weiderspillen. Trotzdeem hunn déi Biisser bis zur Paus gutt dogéint gehalen an duerch den Abi an den Eddarraj nach weider Golchancë gehat. Vun deene sollt awer keng hire Wee an de Gol fannen, soudatt déi Biisser just mat enger 1:0-Avance op den Téi gaange sinn a si weider dräi Goler gebraucht hunn, fir an d'Verlängerung ze kommen.
Nom Säitewiessel ass et fir déi Biisser, déi jo schonns zanter der 31. Minutt an Ënnerzuel gespillt hunn, ëmmer méi schwéier ginn. Györ huet méi a méi Drock opgebaut an hat an der 50. Minutt déi grouss Chance op den Ausgläich, nodeems den Arbitter den Ungaren en Eelefmeter accordéiert huet. Mä den Đukanović huet dësen net am Gol ënnerbruecht. Domadder ass Biissen, trotz engem Mann manner, weider mat 1:0 vir bliwwen. D'Atert-Ekipp huet sech awer net nëmmen hannen dra gestallt, mä huet selwer ëmmer nees probéiert, fir offensiv Akzenter ze setzen. Esou koum ënner anerem den Abi no engem Corner nach zu engem Ofschloss, mä dësen hat net déi néideg Reussite. Am weidere Verlaf vum Match huet sech d'Ënnerzuel ëmmer méi bemierkbar gemaach, an d'Ungaren hunn de Match méi a méi an d'Hallschent vun de Biisser verluecht.
An der 76. Minutt huet sech dëst du bezuelt gemaach: De Miljan Krpić huet fir Györ den 1:1 markéiert an domadder war den Dram vun Europa fir déi Biisser endgülteg ausgedreemt. Biissen huet sech zwar bis zum Schluss gewiert an de Remis iwwer d'Zäit bruecht, mä um Enn war d'Hypothéik aus dem Allersmatch ze héich, soudatt si der europäescher Bün no Aller/Retour Äddi soen a si sech am Ganze mat 3:7 géint Györ FC musse geschloe ginn.