
36 Punkten hat d'US Hueschtert zum Schluss vun der leschter Saison. De Gros vun dëse gouf ënnert dem Marco Martino geholl, dee am Dezember 2025 als Trainer annoncéiert gouf. Mat der Coupe du Prince konnten déi Hueschterter hiren éischten Titel an der Veräinsgeschicht feieren. Eng Partie Spiller aus der Generatioun sinn elo an de Kader vun de Seniore erop geréckelt a sollen, wa méiglech, hir Spillzäit kréien. Donieft hunn ënner anerem Bekkouche, Meddour, Maquart, Derbali a Letiévant de Veräin verlooss.
Trotz der 1:4-Defaite an der Coupe-Finall géint Déifferdeng war déi lescht Saison fir d'Victoria Rouspert erfollegräich. Zanter 2014 sinn déi Rousperter e feste Bestand vun der héchster Divisioun am nationale Futtball. D'Kapitel Martin Forkel ass zanter dësem Summer eriwwer. Mam fréieren Trainer vu Mamer Dean Léen sëtzt elo en neie Mann op der Trainerbänk. D'Victoria wëll och dës Saison déi grouss Ekippen op hirem Rousperter Camping an och auswäerts viru Problemer stellen. Datt den Ekippegeescht stëmmt, huet Rouspert ënner anerem och rëm d'lescht Saison bewisen.
Besser lafe soll et no dësem Summer beim Progrès Nidderkuer. Nëmmen déi 11. Plaz an der Tabell, dat mat 3 Punkten Avance op déi éischt Barrageplaz, war déi batter Realitéit bei deene Giel-Schwaarzen. Um Trainer Vivian Reydel gouf festgehalen. De Kader gouf dogéint beispillsweis mam Golkipp André Barrela vu Péiteng, dem Ricardo Delgado vu Stroossen an dem Samir Hadji vun Déifferdeng verstäerkt. Qualitativ steet de Progrès warscheinlech nach besser do wéi déi lescht Saison, mee dës individuell Qualitéit muss och a Punkte verwäert ginn.
Well nieft deene Nidderkuerer och de Swift Hesper déi national Lizenz fir dës Saison nëmmen ënner Oplage krut, muss de Veräin vum Holleschbierg dës Saison mat "- 12 Punkten" ufänken. An der Vergaangenheet haten ëmmer rëm Spiller geklot, hir Salairen net all kritt ze hunn. Beispillsweis gouf am Februar bekannt, datt de Swift dem Maurice Deville 250.000 Euro nobezuele muss. Réng sportlech gesinn, huet Hesper net all ze vill Nouvellen iwwer de Summer op ënner anerem de soziale Medien vu sech ginn. Et ass deemno schwéier virauszesoen, mat wat fir enger Ekipp de Swift untrëtt.
No néng Joer Abstinenz ass d'US Rëmeleng als Champion zeréck an déi héchst Divisioun opgestigen. An enger komplett geckeger Saison an der Éierepromotioun haten déi Rëmelenger um Enn de längeren Otem. Nodeems de Christian Lutz säin Depart annoncéiert hat, gouf de Stefano Bensi als neie staarke Mann op der Trainerbänk presentéiert. De fréieren Nationalspiller, dee selwer vun 2006 bis 2009 bei der USR als Spiller aktiv war, probéiert mat enger Ekipp ouni déi ganz grouss Nimm de Maintien ze realiséieren. Mam Bryan Gomes steet ee vun de beschte Buteuren aus der leschter Saison an der Éierepromotioun am Kader.
Eng änlech Ausgangspositioun huet d'Etzella Ettelbréck, déi allerdéngs nëmmen dräi Joer op hire Retour an d'BGL Ligue huet misse waarden. Déi Ettelbrécker hunn et d'lescht Saison zum Schluss nach eng Kéier spannend gemaach a sinn um Enn trotz enger 1:3-Defaite doheem géint den Noper US Feelen als Zweeten direkt opgestigen. Mam fréieren Trainer vu Berbuerg Josef Cinar ass de Maintien dat grousst Zil. Den Depart vum beschten Ettelbrécker Buteur vun der leschter Saison Hayssam Zaki bei de Stater Racing muss kompenséiert ginn.
Fir den Optakt vum Championnat kënnt et direkt zum Nordderby. Déi Ettelbrécker Etzella ass beim FC Wooltz 71 op Besuch, deen am Barragematch géint Mamer bei sengem Rival zu Ettelbréck opgestigen ass. Philipps, Biver a Co. kennen d'Dueller mam Noper. Mam Defenseur Denys Prychynenko, deen an der Vergaangenheet ënner anerem 188 Matcher an der zweeter belscher Divisioun gespillt hat, probéiert een zu Wooltz d'Defense ze stabiliséieren. Offensiv muss een de Wiessel vum Tiago Rodrigues op Biissen verkraaften. Mam Trainer Flavio Ribeiro probéiert een och jonk Spiller un de Kader erunzeféieren.
Fir déi éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht ass den FC Résidence Walfer an d'BGL Ligue opgestigen. D'Dramatik puer am Eelefmeterschéissen zu Beggen géint d'Jeunesse Kanech huet dofir gesuergt, datt den Opstig nach méi speziell ass. Mat dem jéngsten Trainer aus der Divisioun Patrick Oliveira Carvalho (30 Joer) an dem beschte Buteur aus der Éierepromotioun Patrick Macedo (27 Goler an 28 Matcher) wëll een zu Walfer e weidert Stéck Futtball-Geschicht schreiwen. De Maintien an e weidert Joer an der héchster Divisioun am nationale Futtball si sécherlech dat ganzt grousst Zil.
Spéitstens d'lescht Saison huet gewisen, datt ee keen Opsteiger ënnerschätzen soll. Den FC Atert Biissen huet et virgemaach, wéi een iwwerraschend Champion ka ginn.
E Samschdeg kënnt Dir d'Partie tëscht dem FC Wooltz an der Ettelbrécker Etzella an der RTL Livearena mat Commentaire vum Sam Rickal a Gilles Tricca live suivéieren.
Alleguer d'Kadere vun deene 16 Ekippen an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball fannt Dir an eiser Datenbank.