Tour de France LIVE: Gap > Alpe d'HuezDéi nonzéngt Etapp vu 15:30 Auer un op der Tëlee, RTL.lu an um RTL Play

RTL Lëtzebuerg
Den TdF live bis e Sonndeg, de 26. Juli um 1. RTL, op RTL.lu, op der App an um RTL Play gëtt d'Course och am Livestream iwwerdroen.

19. Etapp - Den Expert Tom Flammang

Déi 19. Etapp ass den Optakt vun engem historeschen Doublé am Tour de France. Fir d'éischte Kéier kënnt den Tour de France zwee Deeg noeneen zu Alpe d'Huez un. Iwwer 127,9 Kilometer vu Gap op d'Alpe d'Huez sti mam Col Bayard, dem Col du Noyer, dem Col d'Ornon an der klassescher Schlussmontée véier Biergwäertungen um Programm. Insgesamt mussen d'Profien 3.500 Héichtemeter bewältegen. Do dierft vun Ufank Tempo an der Etapp sinn, well op der Alpe d'Huez wëll jidderee säin Numm an de Palmarès androen. Virun 20 Joer war et de Frank Schleck, deen dës Etapp gewonnen hat.

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen

19. Etapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km (Biergetapp)

Weider Infoe vun der 19. Etapp

Tour de France: Livestream Programm

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km

Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km

Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km

Back to Top
CIM LOGO