"Limitte sinn erreecht"Escher Kulturlaf 2026 war e grousse Succès

Andy Brücker
3.500 Leeferinnen a Leefer waren um Depart, grad ewéi 250 Kanner.

Zu Esch war e Samschdeg déi 20. Editioun vum Kulturlaf. Kuerz no 17 Auer ass et mam Kannerlaf lassgaangen an um 18 Auer war dunn den Depart fir den Hallefmarathon, d'10-Meilen an d'10-Kilometer-Course. Vun Ufank un ass et den Organisateuren ëmmer drëm gaangen, nieft engem sportlech attraktive Parcours och e besonneschen Accent op d'Architektur an d'Kultur zu Esch ze leeën.

Den Organisateur Pol Zimmermann war mat der Editioun 2026 méi wéi zefridden, well et konnt een en neie Rekord bei den Inscriptiounen opstellen. 3.500 Leeferinnen a Leefer waren um Depart, grad ewéi 250 Kanner. Domadder wier een allerdéngs un de Limitten ukomm. Méi Leit kéint een der net unhuelen.

Andréck vum Kulturlaf zu Esch
D'Leit op der Plaz hu sech drop gefreet, bei gudden Wieder an a schéiner Kuliss ze lafen.

D'Stëmmung op an nieft der Streck war bei gudde Wiederbedéngungen ganz gutt, dozou dréit och déi besonnesch Kuliss um Belval bäi.

Ënnert de Leefer um Depart war och de Julien Henx, dee virun engem Joer e schwéiert Accident hat, a sech fir dëst Joer virgeholl hat, sech dem Challenge "Escher Kulturlaf" ze stellen. D'nächst Woch geet de Schwammtraining fir hien nees lass, an en huet zu Esch getest, ob säi Been nees voll belaaschtbar ass.

De 4. September 2027 ass iwwerdeems de Rendez-vous fir déi 21. Editioun vum Escher Kulturlaf. Wien do dobäi wëll sinn, muss sech mat Zäite bäimaachen, well d'Nofro no Startnummeren ass grouss, wéi een dëst Joer gesinn huet.

Hei fannt Dir d'Resultater vum Escher Kulturlaf 2026

Back to Top
CIM LOGO