
En Dënschdeg de Moien huet sech de Rémi Fabiani bei der Schwamm-EM zu Paräis op den 100 Meter Fräistil fir d'1/2-Finalle qualifizéiert. A senger Manche ass de 24 Joer ale Lëtzebuerger deen Éischte ginn an huet mat engem Chrono vun 48.44 Sekonnen een neien nationale Rekord opgestallt.
Mat an der selwechter Manche war och de Ralph Daleiden Ciuferri, fir deen et mat enger Zäit vun 48.72 awer net fir déi nächst Ronn duergaangen ass.
D'1/2-Finall vun den 100 Meter Fräistil mam Rémi Fabiani gëtt nach haut den Owend ëm 19:32 Auer ausgedroen.