Bob Jungels am RTL-Interview"No 15 Joer als Profi gëtt et Zäit, een neit Kapitel opzeschloen"

Jeff Kettenmeyer
D’lescht Woch huet de Bob Jungels am Virfeld vun der "Renewi Tour" matgedeelt, datt hien um Enn vun der Saison wäert ophalen.
Bob Jungels: "No 15 Joer als Profi gëtt et Zäit een neit Kapitel opzeschloen"
D’lescht Woch huet de Bob Jungels am Virfeld vun der "Renewi Tour" matgedeelt, datt hien um Enn vun der Saison wäert ophalen.

Als Profi an der World Tour wier een dem 33 Joer ale Coureur no tëscht 200 an 250 Deeg am Joer ënnerwee a fir d'Zukunft wier hie frou, vill méi Zäit doheem ze verbréngen, mat Frënn a Famill an och enger neier berufflecher Richtung.

No senger Annonce vum Récktrëtt hätt de Profi vun Netcompany INEOS vill positiv Reaktioune kritt, souwuel vu fréiere Co-Equipieren, mee awer och soss Coureuren an dat géif him weisen, datt hien am Peloton beléift an unerkannt wier.

Am RTL-Interview schwätzt de Bob Jungels och iwwer seng vill grouss Momenter, notamment am d’Giro d’Italia mam Rosa Maillot iwwer e puer Deeg, der Etappevictoire an och, datt hien 2 mol den Trikot vum beschte Jonke konnt mat heem bréngen.

De Bob Jungels huet deemools u sech no der Ära Kim Kirchen, Frank an Andy Schleck d’Rudder iwwerholl a réckbléckend wier et fir hien "normal" gewiescht, datt een top Resultater kann a soll erreechen. Haut géif hie realiséieren, datt seng eege Succèsen, wéi beispillsweis Léck-Baaschtnech-Léck 2018, alles anescht wéi selbstverständlech wieren.

Als schéinsten Zäit vun deene 15 Joer als Profi kéint een d'"Wolfpack"-Phas bei der Ekipp Quick-Step definéieren, mat ville Fuerer vun deemools huet de Bob Jungels haut nach eng richteg Frëndschaft.

D'Joer 2021 mat enger haarder Blessur (Oderen, déi lues zougaange sinn) an duerno den haarde Wee zeréck, wier mat déi schwieregst Zäit a senger Karriär gewiescht, ëmsou méi befreiend, war d'Victoire op der 9. Etapp vum Tour de France 2022.

Um Enn vum Interview geet et och ëm d'Generatioun Tadej Pogacar, mat Van Aert, Van der Poel a Co, a wéi sech de Cyclissem notamment duerch sou een Ausnameathlet wéi dem Pogacar geännert huet.

Mam Bob Jungels hält um Enn vun dëser Saison ee vun deene beschte Vëlosfuerer, déi Lëtzebuerg jee hat, am Profi-Cyclissem op.

De Bob Jungels hält um Enn vun der Saison op
De Jeff Kettenmeyer huet mam 33 Joer ale Vëlosfuerer op seng Karriär zeréckgekuckt.

Back to Top
CIM LOGO