Verwiesslung op Tankstell zu WittlichFalsch Tank-Fëllung verursaacht bei ville Clientë Motorschied bei de Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Bei der Liwwerung vun Diesel a Bensinn goufen op der betraffener Tankstell d'Flëssegkeete matenee vermëscht. Betraffe Leit solle Schied mellen.
Symbolfoto.
Symbolfoto.
© Afp

Op enger Tankstell beim Supermarché Bungert zu Wittlich sinn dës Woch Diesel an E10-Bensinn no enger feelerhafter Tankliwwerung matenee vermëscht ginn. Als Konsequenz hu vill Chaufferen op eemol Problemer mat hire Gefierer kritt, dorënner ruckelen, ongewéinlech Geräischer beim Moto a Schied am System vum Tank.

Wéi déi Responsabel matdeelen, haten d'Livreure beim Fëlle vun den ënnerierdeschen Tanken d'Uschlëss matenee verwiesselt. Doduerch ass souwuel Diesel an de Bensinnstank, wéi och Bensinn an den Dieselstank geroden. Déi betraffe Pompele goufen ausser Betrib geholl. De veronrengegte Brennes gouf antëscht komplett erausgepompelt. D'Tanke ginn elo propper gemaach an nees nei opgefëllt. D'Schied, déi entstane sinn, wäerte vun der Assurance vum Livreur iwwerholl ginn.

Wéi vill Gefierer betraff sinn, ass bis ewell nach onkloer. Leit, déi mengen, se wiere betraff, solle sech, mat sämtleche verfügbaren Donnéeën (Rechnung, Zäitpunkt, wéini getankt gouf, Donnéeë vum Auto) iwwer Mail op mellen. Soubal een e Verdacht huet, soll een de Motor vum Gefier wa méiglech net méi starten an direkt eng Garage kontaktéieren. Virun allem Chaufferen, déi Bensinn an en Diesel-Auto getankt hunn, sollen op kee Fall den Auto starten, fir weider Schied z'evitéieren.

Back to Top
CIM LOGO