Vuelta: 15. EtappWout van Aert entscheet Sprint zu Cordoba fir sech, Plaz 12 fir Mats Wenzel

Jeff Birsens
Op der 15. Etapp huet de Wout van Aert sech d'Dagesvictoire am Sprint geholl. Den Enric Mas bleift weider Leader.
Team Visma-Lease a bike's Belgian rider Wout van Aert celebrates winning the 15th stage of the Vuelta a Espana 2026 cycling tour, a 110,2 km race which was modified from the original itinerary of 189,7 km following the activation of the high temperature protocal, between Palma del Rio and Cordoba, on September 6, 2026. (Photo by JORGE GUERRERO / AFP)
De Wout van Aert huet de Sprint zu Cordoba op der 15. Etapp gewonnen.
© AFP

E Sonndeg stoung bei der Vuelta eng relativ flaach an och kuerz 15. Etapp um Programm. No 110.2 Kilometer war d'Decisioun am Spëtzegrupp an engem Sprint gefall, wou de Wout van Aert sech d'Dagesvictoire zu Cordoba virum Alessandro Romele an dem Thibau Nys huele konnt. De Mats Wenzel ass am Grupp hannendru mat engem Retard vun 58 Sekonnen op déi 12. Plaz komm.

Am General bleift den Enric Mas weider op der 1. Plaz stoen, dat mat engem Ecart vun 2:06 Minutte op de Felix Gall an 2:10 Minutten op de Primoz Roglic. De Mats Wenzel klëmmt duerch säin Effort ëm fënnef Plazen op déi 115. Plaz.


D'Resultater


D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO