CyclissemTadej Pogačar verlängert bis 2032 bei UAE, dës Saison ass awer fir hie gelaf

AFP, iwwersat vun RTL
De Sloween war bei der Vuelta schwéier gefall a konzentréiert sech elo drop, nees gesond ze ginn.
Tadej Pogacar
D'Saison ass wéinst der Blessur fir den Tadej Pogačar gelaf, ma de Kontrakt bei sengem Team huet en awer verlängert.
© XAVIER BONILLA/NurPhoto via AFP

De Slowen Tadej Pogačar fiert dëst Joer keng Course méi. Nodeems hie sech bei enger schwéierer Chute an der Vuelta d'Schlësselbee gebrach huet an operéiert gouf, wäert hie sech elo ganz op seng Rehabilitatioun konzentréieren.

Beim Accident op der aachter Etapp huet de fënneffachen Tour-de-France-Gewënner sech nieft dem Broch vum Schlësselbeen och eng Gehirnerschütterung, eng Verletzung un den Halswierbelen a verschidde Blessuren zougezunn. Zu deem Zäitpunkt hat de Pogačar d'Vuelta mat bal véier Minutte Virsprong ugefouert a war de grousse Favorit op d'Gesamtvictoire.

Wéinst senge Blessure verpasst de 27 Joer ale Sloween och d'Weltmeeschterschaften dëse Mount zu Montreal.

De Pogačar seet, datt seng Gesondheet elo Prioritéit huet an hie sech Zäit wëllt huele fir komplett gesond ze ginn. Och seng Ekipp UAE Team Emirates ënnersträicht, datt et keen Drock gëtt, dëst Joer nach op de Vëlo zeréckzekommen.

Trotz dësem fréizäitege Saisonenn huet de Sloween en aussergewéinlecht Joer hannert sech. Am Juli hat hie säi fënneften Tour de France gewonnen a sech domat nieft Legenden ewéi Eddy Merckx, Bernard Hinault oder Miguel Indurain an d'Geschichtsbicher agedroen.

Gläichzäiteg huet seng Ekipp matgedeelt, datt de Pogačar säi Kontrakt bis Enn 2032 verlängert huet. Hie betount, datt hie sech bei UAE Team Emirates wéi doheem fillt an nach vill sportlech Ziler erreeche wëllt.

Back to Top
CIM LOGO