
D'Victoire op dëser 14. Etapp ass un de Marco Brenner gaangen, dee sech aus der Echappée eraus duerchsetze konnt. Den Däitschen hat eng Avance vun enger Sekonn op de Kolumbianer Santiago Buitrago a vun 11 Sekonnen op de Spuenier Cristian Rodriguez.
Am Generalklassement konnt de Spuenier Enric Mas och e Samschdeg net ageholl ginn. Well den Zweetplacéierte Roglic den Tempo vu Gall a Mas an der Schlussmontée net méi matgoe konnt, ass de Felix Gall elo neien Zweeten am General. De Spuenier Mas huet seng Avance un der Spëtzt deemno ausgebaut. Hie läit elo 2 Minutten a 6 Sekonne virum Gall.
De Mats Wenzel, dee jo als eenzege Lëtzebuerger nach mat dobäi ass, huet sech e Samschdeg als 106. klasséiert (+31:08 Minutten). Am General klëmmt hien domat op déi 120. Plaz.
Bei Temperaturen vun ëm déi 35 Grad war et nees eng usprochsvoll Etapp, an där zwou Montéeë vun der 2. Kategorie an eng vun der 1. Kategorie op d'Coureure gewaart hunn. Scho virun dëse Montéeën, déi all op der zweeter Hallschent vun der Etapp louchen, hat sech eng Echappée aus gutt 40 Coureure forméiert.
53 Kilometer viru Schluss huet de Kevin Vermaerke sech eleng un d'Spëtzt gesat a konnt sech séier eng Avance vu knapp enger Minutt erausfueren. Déi ass an der Suite no an no gewuess a louch 25 Kilometer virun der Arrivée bei 90 Sekonnen, an der Schlussmontée erop op d'Sierra de la Pandera gouf hien awer du vun der Echappée agefaangen.
Op de leschte Kilometer goufen et ëmmer nees Acceleratiounen an der Echappée a verschidde kleng Gruppen hu sech gebilt. Kuerz viru Schluss huet de Buitrago eng Attack lancéiert, bei där just nach de Brenner matgoe konnt. Den Däitschen huet et op de leschte Meter laanscht de Kolumbianer gepackt a gewënnt domat déi 14. Etapp. Am Peloton goufen et wärenddeem Attacken an der Lutte ëm d'Generalklassement, den Enric Mas konnt awer vu Roglic, Gall a Carapaz net distanzéiert ginn a baut seng Avance op den Zweetplacéierten um Enn souguer weider aus, well de Roglic den Tempo vu Gall a Mas net méi matgoe konnt an de Felix Gall doduerch neien Zweeten am General ass.