
Nodeems Hilbert a Weber an dësem Joer beim éischten Tournoi op der Tour d'Bronzemedail a beim zweeten Tournoi d'Sëlwermedail gewonnen hunn, wollte si zu Rëmerschen virum Lëtzebuerger Public eng drëtte Kéier op de Podium kommen.
An der Pool D ass et fir déi national Nr1-Koppel am éischte Match gutt lass gaangen. Mat zweemol 21:19 klappe si d'Koppel Tusek an Nowotny aus Tschechien.
Am zweete Gruppematch missten Hilbert a Weber sech allerdéngs mat 17:21 a 15:21 géint déi spéider Gewënner vum Tournoi Olsansky a Westphal geschloe ginn.
Mam Mathis Wolff a Lucas Pernossi war eng zweet Lëtzebuerger Ekipp am Asaz. Déi national Vizechampionskoppel huet et no zwou Defaitte géint de Pongracz an de Goudie aus Ungarn an de Jevsnik an de Mugerli aus Slowenien allerdéngs net iwwer d'Gruppephas eraus gepackt.
An der KO-Phas gouf et an der Tëscheronn géint d'Éisträicher Kitzmüller an Holzner eng 2:0-Victoire (21:10 an 23:21). An der Véirelsfinall war dunn awer géint deen drëtten tschechesche Géigner vum Dag Schluss.
Géint d'Koppel Oliva an Kuthan konnten Hilbert a Weber zwar den éischte Saz mat 21:19 gewannen, hunn dunn awer den Ausgläich kasséiert (15:21) an och den Tiebreak mat 9:15 verluer.
Iwwerraschend ass, dass et keng vun den toppgesaten Ekippe bis an d'Halleffinall gepackt huet. An der Finall stounge sech schliisslech d'Koppel Nemec a Jancok aus der Slowakei an d'Koppel Olsansky a Westphal aus Tschechien géinteniwwer, woubäi d'Victoire am Tiebreak un d'Tscheche geet.
Säitens der FLVB konnt ee sech no der zweeter Organisatioun vun engem Tournoi vun der MEVZA Beach Tour iwwer positive Feedback vun den Athlete freeën, och wann et eegenen Aussoe no nach e puer Stellschrauwen ze ajustéiere gëtt.