An de MudamInstallatioun vun der Yayoi Kusama kënnt op Lëtzebuerg

Isabelle Gillen
Vum 25. September u kann een am Mudam, am Kader vun der Ausstellung "Kaihō: Japanese Women Artists after 1945", eng Installatioun vun der Kënschtlerin Yayoi Kusama gesinn.
© Yayoi Kusama / Jason schmidt

Am August war d'Artistin, déi virun allem vir hir grouss immersiv Installatiounen am polka dot Design, oder déi verspigelt Infinity Rooms bekannt ass, am Alter vu 97 Joer verstuerwen.

Deemnächst kann een hir Installatioun "Fireflies on the Water" am Mudam erliewen. Heibäi dréint et sech ëm e klengen, verspigelte Raum mat engem schwaarze Plaffong, engem Waasserbaseng um Buedem an 150 faarwege Luuchten, déi sech onendlech dacks op de Maueren an am Waasser spigelen. Als Betruechter, eleng op enger Plattform an der Mëtt vum Raum, kritt een doduerch d'Gefill vun dausende Glüwürmercher ëmginn ze sinn.

D'Installatioun ass inspiréiert u Japaneschen Traditiounen, wéi "hotaru gari", bei där Glüwürmercher beobacht ginn, oder "tōrō nagashi", bei där Lanteren iwwert e Waasser dreiwen.

Et dierf ëmmer just eng Persoun eleng de Raum betrieden, esou war et vun der Yayoi Kusama geduecht, fir dass ee sech selwer reflektéiert. Hei soll ee säin Ego a seng kierperlech Limitte vergiessen a mam Universum verschmëlzen.

D'Installatioun ass Deel vun der Kollektioun vum Whitney Museum zu New York, war awer bis vergaangene Sonnden am Musée des Beaux Arts zu Nanzeg ze gesinn. Vum 25. September u wäert d'Wierk am Kader vun der Ausstellung "Kaihō: Japanese Women Artists after 1945" am Mudam ze fanne sinn. D'Expo am Mudam leeft bis de 14. Februar 2027.

Back to Top
CIM LOGO