
Geschitt ass den Déifstall en Dënschdeg de Moien. Si hätte véier Wierker geklaut, ma hunn op der Flucht zwee missen zeréckloossen. Dës hätten och kënne recuperéiert ginn. De Gesamtwäert vun de geklaute Biller gëtt op 9 Milliounen Euro geschat. Beim concernéierte Musée handelt et sech ëm de Musée Renoir zu Cagnes-sur-Mer, der Stad an där de franséischen Impressionist Auguste Renoir säi Liewensenn verbruecht huet. De Musée ass senge Wierker dediéiert.