
Dat am Alter vun 80 Joer. Als Country- a Popsängerin huet si zanter de 70er Joren d'hire respektive Genre gepräägt. Mat iwwer 100 Millioune verkaaften Alben an 11 Grammy-Awards huet si als eng vun den erfollegräichste Sängerinnen op der Welt gegollt.
Zu hire bekanntste Lidder zielen "Jolene", "9 to 5" an "I Will Always Love You".
Viru véier Joer gouf si och an d'Rock'N Roll Hall of Fame opgeholl. D'Dolly Parton war och bekannt fir hire sozialen Engagement an huet ënnert anerem Schoul-Bibliothéike finanzéiert, oder wärend der Corona-Pandemie d'Recherche op der Vandebilt-Universitéit ënnerstëtzt, wat zum Moderna-Impfstoff gefouert huet. Op Uerder vum President Trump ginn d'Fändelen an den USA fir eng Woch op Hallefmast gehaangen.