Héije Venn D‘Bëschfeier am belschen Naturschutzgebitt ass sécher duerch Mënschen ausgeléist ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d‘EU-Kommissärin fir Krisepreventioun a Krisemanagement Hadja Lahbib bei enger Visitt op der Plaz erkläert.
© EMILE WINDAL/AFP

No Gespréicher mat Experte wier kloer, datt dëst Feier keng natierlech Ursaach kéint hunn. Gläichzäiteg geet si net dovun aus, datt d‘Feier express geluecht gouf. Soubal final gekläert wier, wat d‘Feier ausgeléist huet, missten déi entspriechend Léieren doraus gezu ginn, esou d‘Kommissärin weider.

Am Héije Venn si bannent e puer Deeg eng 3.000 Hektar Vegetatioun zerstéiert ginn. De Brand ass antëscht gréisstendeels geläscht, allerdéngs flaamt d‘Feier ëmmer erëm op verschiddene Plazen op.

Back to Top
CIM LOGO