"Den Albdram ass eriwwer"Kaz, déi op Aire fortgelaf war, no 28 Deeg nees zréck bei hirer Famill

RTL Lëtzebuerg
Eng Famill aus Versailles bei Paräis hat Ufank August hir Vakanz an de Bierger ofgesot, fir hir Kaz erëmzefannen, déi wärend enger Paus op enger Aire fortgelaf war. 28 Deeg méi spéit konnt d'Kaz fonnt ginn.
D'Kaz Chanel war am August 2026 28 Deeg laang verschwonnen.
D'Kaz Chanel war am August 2026 28 Deeg laang verschwonnen.
© DR

Si haten d'Hoffnung ni opginn: D'Famill aus Versailles, déi hir Kaz den 8. August op enger Aire am Departement Isère verluer hat, huet hiert geliibt Hausdéier erëmfonnt. D'Chanel, wéi d'Kaz heescht, war wärend enger Paus op der Air L'Isle-d'Abeau op der A34 fortgelaf. D'Famill hat hir Vakanz an de Bierger ofgesot, fir op der Plaz ze bleiwen an no hir ze sichen.

Nodeems si d'Kaz no 12 nach ëmmer net fonnt haten, war d'Famill nees heem gefuer, koum awer all Weekend zréck, wéi de Papp, Stéphane géigeniwwer "Ici Isère" erkläert hat.

No 28 konnt d'Chanel erëmfonnt ginn. Géigeniwwer BFTMTV sot de Papp vun der Famill: "Mir hunn ausnamsweis eemol vu Freed gekrasch, well 28 Deeg laang hu mir vun Trauer gekrasch. Et war e ganz emouvante Moment. Mä et ass trotzdeem e wonnerbare Moment - och nach den nächsten Dag - do seet ee sech: 'Endlech ass den Albdram eriwwer."

D'Famill wollt awer souwisou net ofginn. D'Kaz war an der Géigend vun der Plaz gesi ginn, wou se fortgelaf war. "Warscheinlech hat si gesinn, wéi mir an der Géigend gesicht hunn. Mir hu si net gesinn, mä si muss eis gesinn hunn, op d'mannst héieren hunn. Dowéinst ass et och wichteg - dat soen ech de Leit ëmmer - net opzeginn, op der Plaz ze bleiwen an dem Déier seng Presenz ze signaliséieren, fir datt et iwwerhaapt weess, datt een do ass", esou nach de Stéphane.

D'Famill wëll elo déi Leit "belounen", déi hinne gehollef hunn: "Eis ganz Famill wäert elo un dës Veräiner spenden. Mir wäerten d'Leit, déi eis gehollef hunn, entschiedegen. Mir hunn all hir Käschten iwwerholl."

Back to Top
CIM LOGO