Déidlechste Bëschbrand vum 21. Joerhonnert a Spuenien14. Doudesaffer no Bëschbrand a Provënz Almeria confirméiert

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Fra, déi zu Sevilla an der Universitéitsklinik behandelt gouf, ass gestuerwen.
E Mann trëppelt bei Almeria laanscht Haiser, déi vun de Flamen zerstéiert goufen.
E Mann trëppelt bei Almeria laanscht Haiser, déi vun de Flamen zerstéiert goufen.
© JORGE GUERRERO/AFP

A Spuenien ass eng Fra gestuerwen, déi ugangs dës Mounts bei de Bëschfeier am Süde vum Land blesséiert an duerno hospitaliséiert gouf. Domat klëmmt d'Zuel vun den Doudesaffer vun dëse Bëschfeier op 14.

D'Bëschfeier waren den 9. Juli an der Regioun Bedar an der Provënz Almeria ausgebrach. Et waren déi déidlechst a Spuenien zanter iwwer zwee Joerzéngten.

D'Fra, déi elo gestuerwen ass, gouf an der Universitéitsklinik zu Sevilla behandelt. Dat huet eng Spriecherin vum Spidol der Noriichtenagence AFP confirméiert, ouni weider Detailer iwwer hir Blessuren ze soen. Spuenesche Medien no hätt si Verbrennungen u 70 Prozent vun hirem Kierper gehat.

D'spuenesch Autoritéite ginn dovun aus, dass d'Feier am Süde vum Land ugangs dës Mounts lassgaangen ass, wéi eng Stroumleitung op Gestrëpps gefall ass, dat wéinst der Hëtzt ausgedréchent war.

Back to Top
CIM LOGO