
Geschitt ass den Accident op der Strooss tëschent den zwee beléifte Vakanzenuerter Dahab an Nuweiba am Süde vum Gebitt, esou déi ägyptesch Santé e Mëttwoch. 20 Rettungsween waren op der Plaz, fir déi Blesséiert a Spideeler ze bréngen. Insgesamt waren 43 Persounen u Bord vum Bus.
Wéi et genee zum Accident koum, ass den Ament onkloer. Verkéiersaccidenter sinn an Ägypten keng Seelenheet. Récksiichtsloost Fuerverhalen a Lacunne bei der Maintenance vu Gefierer zielen dobäi zu den heefegsten Ursaachen. Zejoert sinn dem ägyptesche Statistikamt no am ganze Land bal 6.000 Leit bei Verkéiersaccidenter gestuerwen.