Am Oste vu FrankräichVéier Membere vu Famill dout fonnt, dorënner zwee Kanner

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi et aus Kreesser vun de lokalen Autoritéiten heescht, goufen am Oste vu Frankräich, am Departement Haute-Saône, véier Membere vun enger Famill dout fonnt.
Schëld vun engem franséische Policebüro
© KLAUDIA RADECKA/NurPhoto via AFP

Ënnert den Doudege wieren zwee Bouwe vu sechs an néng Joer. D'Läiche goufen e Mëttwochowend am Uert Gy op enger Campingplaz entdeckt. Der Zeitung "L'Est Républicain" no huet e Familljepapp seng Familljemembere mat engem Gewier erschoss, ier en d'Waff géint sech selwer geriicht huet. Bei der véierter Doudesaffer soll et sech ëm dem Mann seng Schwéiermamm handelen. De Papp soll mat senger Fra grad an der Scheedung gewiescht sinn an och en Haus mat hir gebaut hunn.

Back to Top
CIM LOGO