Vun Uber a WayveTaxien ouni Chauffer elo och zu London ënnerwee

AFP, iwwersat vun RTL
D'Entreprisen Uber a Wayve hunn en Donneschdeg fir d'éischte Kéier kommerziell Faarte mat Robotertaxien zu London ugebueden.
Die Fahrdienstleister Uber und Wayve haben am Donnerstag erstmals kommerzielle Robotaxi-Fahrten in London angeboten. Die Einführung des fahrerlosen Taxidienstes für die Öffentlichkeit erfolge "schrittweise", sagte die Uber-Produktchefin Wendy Lee AFP.
An Amerika fueren d'Robotertaxie vu Waymo scho méi laang duerch verschidde Stied.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

D'Aféierung vum Taxi ouni Chauffer géing "schrëttweis" gemaach ginn, sot d'Produitscheffin vun Uber, d'Wendy Lee, der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. D'Zuel vun de Gefierer wäert sech deemno "fir d'éischt am zweestellege Beräich" beweegen. Hannert dem Steier sëtzt awer aus Sécherheetsgrënn nach e Mataarbechter vun den Entreprisen, esou d'Cheffin vun der Geschäftsentwécklung bei Wayve, d'Kaity Fischer.

De KI-Startup Wayve ass déi éischt Entreprise, déi esou e Service mat autonome Gefierer zu London op de Marché bréngt - nach virum Welt-Leader an deem Beräich Waymo an dem chineeseschen Internetris Baidu, deen zesumme mat Lyft nach dëst Joer autonom Taxien an der brittescher Haaptstad lancéiere wëll. Der Kaity Fischer no plangt Wayve, nom Start vun de Robotertaxien zu London zesumme mat Uber änlech Offeren zu Tokio an an zéng weidere Stied ze lancéieren.

Taxien ouni Chauffer elo och zu London ënnerwee
D'Entreprisen Uber a Wayve hunn en Donneschdeg fir d'éischte Kéier kommerziell Faarte mat Robotertaxien zu London ugebueden.

Wayve ass e Startup aus Groussbritannien, deen op Kënschtlech Intelligenz fir autonom Autoe spezialiséiert ass. De Startup, deen 2017 gegrënnt gouf, ass Pionéier an der Entwécklung vun der KI, déi an esou Autoen agesat gëtt. Dës léiert vun hirer Ëmgéigend, andeem se Donnéeë vu Sensore verschafft - amplaz op virgeluecht Strecken ze setzen.

Autonom Taxie ginn e bis ewell schonn an e puer Stied an den USA a China agesat, allerdéngs bis ewell a klengem Mooss. Ënnert anerem bitt Waymo zu San Francisco, Los Angeles an dräi weidere Stied ronn 2.000 Gefierer un, déi User per App fir Faarte buche kënnen.

London ass no Zagreb déi zweet europäesch Stad, an där et elo Robotertaxie gëtt. Zanter Abrëll rullen autonom Chauffere vum kroatesche Startup Verne duerch Zagreb. D'Entreprise gëtt dobäi vun Uber an der Entreprise Pony.ai ënnerstëtzt. Och hei sëtzt aus Sécherheetsgrënn e Mataarbechter vu Verne mat am Auto.

Back to Top
CIM LOGO