
Wéi aus enger Etüd ervirgeet, déi vun der brittescher Zeitung "The Lancet" publizéiert gouf, sinn eleng 2023 bal 1,7 Milliounen Net-Fëmmerte wéinst dem Passivfëmme gestuerwen.
Fëmme gëllt als déi heefegst Doudesursaach, déi een evitéiere kann. Ënnert de geschat 8 Millioune Leit, déi 2023 weltwäit un de Suitte vum Tubaksdamp gestuerwe sinn, waren der Etüd no och vill Net-Fëmmerten, déi Passivdamp ausgesat waren. D'Etüd baséiert op Donnéeën aus 204 Länner a Gebidder am Zäitraum vun 1990 bis 2023, déi aus Etüden aus enger Datebank vum US-Gesondheetsinstitut NIH souwéi Sondagë kommen.
"D'Belaaschtung duerch Passivfëmmen ass weltwäit als Gesondheetsrisk unerkannt, woubäi et keng sécher Dosis fir d'Anootme gëtt", heescht et an der Etüd. Ënnert de geschaten 2,7 Milliarde Leit, déi 2023 Passivdamp ausgesat waren, waren deemno och 767 Millioune Kanner am Alter vun 0 bis 14 Joer. D'Belaaschtung huet zu 1,66 Millioune virzäitegen Doudesfäll bäigedroen. Besonnesch heefeg gouf eng Stéierung vun der Duerchbluddung vum Häerzmuskel festgestallt, bei där d'Häerz net méi genuch Sauerstoff kritt. Bei Kanner huet d'Belaaschtung duerch Passivfëmmen 2023 zu ronn 5,2 Milliounen Otemweeinfektioune bäigedroen.
Passivdamp kann aus dem sougenannten "Niewestroumdamp", dee beim Fëmme vun enger Zigarett net vum Fëmmert selwer ageotemt gëtt, an dem sougenannten "Haaptstroumdamp", dee Fëmmerte fir d'éischt an- an dann nees ausootmen. Den "Niewestroumdamp" gëllt als besonnesch schiedlech, well en ongefiltert an d'Loft kënnt. Déi gëfteg a kriibserreegend Stoffer sinn dowéinst däitlech méi staark konzentréiert wéi am "Haaptstroumdamp".
Obwuel zanter 1990 ëmmer manner Leit fëmmen, ass déi absolutt Zuel u Leit, déi Tubaksdamp ausgesat sinn, stabil bliwwen. Als Grond gëtt an der Etüd de Bevëlkerungswuesstem genannt. A Länner wéi Afrika an dem Noen Osten ass d'Zuel u Betraffenen trotzdeem geklommen.