
Spéitstens um fréien Dënschdegmoie soll dowéinst d'A vum Stuerm vun der Kategorie 3 knapp westlech un Niihau laanschtzéien. Den US-Hurrikanzenter (NHC) huet d'Bevëlkerung dozou opgeruff, mat Preparatioune fir de "Schutz vu Liewen a Proprietéit" virunzemaachen.
Gewarnt gëtt och, datt Gebidder an der Géigend vun der Küst, déi normalerweis dréche sinn, kéinten iwwerschwemmt ginn. Och fir d'Insel Oahu, wou d'Haaptstad Honolulu läit, gëllt eng Warnung.
E Méindeg war de Stuerm eng 570 Kilometer südwestlech vun Honolulu. Seng maximal Wandvitess louch bei 185 Stonnekilometer, gewarnt gouf och viru staarkem Reen mat plazeweis bis zu 250 Liter Néierschléi pro Quadratmeter. En Dënschdeg sollt de Stuerm sech lues a lues nees ofschwächen an dann nom Laanschtzéien un Hawaii am fréie Mëttwochmoien a Richtung Nordwesten nees ofzéien. Uganks der Woch hat "Lowell" kuerzzäiteg eng Stäerkt vun der Kategorie 5, huet sech dunn awer nees op d'Kategorie 3 ofgeschwächt.
Op der sougenannter "Saffir-Simpson-Skala" ginn et fënnef Niveauen. Staark Hurrikanen hunn normalerweis eng vun 3 a kënnen esou dem NHC no fir "katastrophal" Schied suergen.
Hawaii erhëlt sech ëmmer nach vun de Konsequenze vum Hurrikan "Lala", deen am August de südlechen Deel vu Big Island gesträift huet an heftege Wand an Iwwerschwemmunge veruirsaacht hat.
Och "Lowell" ass Deel vum Klimaphänomeen "El Niño".