
Zu Tréier ass e Mëttwoch de Moie géint 10 Auer e jonke Mann vun 22 Joer no enger Gewaltdot an der Robert-Schuman-Allee um Petrisberg gestuerwen. Dat confirméiert d’Police vun Tréier. Wéi d'Universitéit Tréier bekannt ginn huet, soll et sech beim Affer ëm e Student handelen. Fir en Donneschdeg 12 Auer ass eng Gedenkminutt op der "Forumsplatte" geplangt.
D’Affer wier wuel duerch e Messer ëmkomm. Op der Plaz konnt hien nach kuerz vu Secouriste reaniméiert ginn, ma tëschenzäitlech wier e verstuerwen, huet et an enger Matdeelung vum Polizeipräsidium Trier geheescht. De Verdächtegen, een 22 Joer ale Mann, hätt sech no der Dot aus dem Stëbs gemaach, konnt awer kuerz drop am Kader vun enger Sich lokaliséiert a festgeholl ginn. De Beräich ronderëm d’Robert-Schuman-Allee um Petrisberg, wou och d'Tréierer Uni ass, war groussraimeg vun der Police ofgespaart ginn.
Wéi RTL op Nofro hi vun der Tréierer Police confirméiert krut, ware weder d'Affer nach den Täter Lëtzebuerger Staatsbierger oder Awunner.
Op der Plaz vun der Dot hunn d'Beamten antëscht eng Ulafplaz fir Biergerinnen a Bierger geschaaft. Bis 18 Auer wäerten do speziell trainéiert Beamte stoen a fir Leit disponibel sinn, déi sech "vun der Dot betraff spieren an een Uspriechpartner sichen." Am Quartier wunne vill Studenten.
D'Kriminalpolizei huet entre-temps d'Ermëttlungen opgeholl. Iwwer d'Hannergrënn vun der Dot ass aktuell nach näischt bekannt. D'Dot wier awer wuel vun enger Rei Zeie gesi ginn, well se sech op oppener Strooss zougedroen huet. Si goufe vun Noutfall-Seelsorger betreit.
Wien d'Dot suivéiert huet a sech nach net bei der Police gemellt huet, ass gebieden, dat ze maachen. D'Tréierer Police ka per Telefon um 0049 651 983-43900 erreecht ginn an och iwwert hiert Hiweisportal kënnen Informatioun iwwermëttelt ginn. Heiriwwer kënnen Zeien zum Beispill Fotoen oder Videoe vun der Dot eroplueden. D'Police vun Tréier mécht gläichzäiteg den Opruff, Videoen oder Fotoen op kee Fall an déi Sozial Medien eropzelueden - souwuel aus Respekt virun der Famill wéi och fir d'Ermëttlungen net ze beanträchtegen.
*D'Police vun Tréier hat an engem éischten Ament gesot, béid Männer wieren 23 Joer al. Si waren awer 22 Joer al.