
Am Zesummenhang mat de Sabotage-Versich un der Stroumversuergung an e puer däitsche Bundeslänner ass déi Persoun, no där gesicht gouf, festgeholl ginn. Den 48 Joer ale Mann gouf en Dënschdeg am Ëmfeld vum Kraaftwierk Weisweiler gepëtzt, wéi d'Police zu Köln matgedeelt huet. De Mann hat bei senger Festnam weider Sprengmëttel dobäi an huet kee Widderstand geleescht.
De Verdächtegen aus Nordrhein-Westfalen soll sech an engem Schreiwes zu den Uschléi op Ëmspann-Wierker an Nordrhein-Westfalen, Brandenburg a Sachsen bekannt hunn. Am Schreiwes begrënnt hien d'Uschléi mat Kritik un der Energieproduktioun mat fossille Brennstoffer.
De leschten Dënschdeg war et zu Uschléi op Ëmspann-Wierker bei Jänschwalde a Brandenburg an zu Bergheim an Nordrhein-Westfalen komm. Viirrichtungen, déi dofir genotzt goufen, konnte méi spéit och zu Dormagen an zu Weisweiler entdeckt ginn.
Méi spéit gouf och a Sachsen entspriechend Material fonnt. Der Police an den Netzbedreiwer no gouf iwwert d'Virriichtunge mat enger Aart Pyrotechnik-Material an Héichspannungsleitunge geschoss, fir Kuerzschlëss ze verursaachen.