
Ënner anerem a Lutschen hat eng 68 Joer al Persoun, déi um Fluchhafen zu Düsseldorf ukomm ass, probéiert, fir Kokain an Däitschland ze schmuggelen. An de Séissegkeete waren, getarnt ënnert der rouder Glasur, am ganzen dräi Kilo vun der Drog, wéi d'Douane vun Essen en Donneschdeg matgedeelt huet. Weider sechs Kilo Kokain waren a preparéierte Schong, Rucksäck a Posche verstoppt.
De Verdächtege war schonn de leschte Mëttwoch aus Brasilien iwwer Lissabon op Düsseldorf geflunn. Zwee Hënn vun der Douane hate bei enger Routine-Kontroll vum Gepäck ugeschloen. De Mann gouf festgeholl a koum virun e Riichter, deen hien an Untersuchungshaft gesat huet.