2 Doudesaffer am Februar 2025 Liewenslaange Prisong no déidlecher Amok-Faart zu München

RTL Lëtzebuerg
D'Geriicht zu München huet de 25 Joer ale Mann wéinst sengem Attentat op eng ver.di-Maniff am Februar 2025 zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt.
© FRANK HOERMANN / SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

Eng fréizäiteg Fräiloossung no 15 Joer gouf wéinst dem Ausmooss vun der Schold ausgeschloss.

De Mann gouf ënner anerem wéinst zweefachem Mord an 23 Fäll vu versichtem Mord schëlleg gesprach.

Hie war mat sengem Auto geziilt an d'Demonstrante gefuer. Dobäi sinn eng Fra an hir zwee Joer al Duechter ëm d'Liewe komm, vill weider Persoune goufen zum Deel schwéier blesséiert.

No Iwwerzeegung vum Geriicht war d''Dot reliéis motivéiert. De Verurteelte wollt aus Reaktioun op d'Lag an islamesche Länner iergendeng Mënschen an Däitschland ëmbréngen an huet d'Attack als eng Handlung am Sënn vun Allah ugesinn.

D'Verdeedegung hat op eng méi niddreg Prisongsstrof an eng psychiatresch Ënnerbréngung plädéiert a sech dobäi op eng méiglech schizophreen Erkrankung beruff. D'Geriicht ass där Argumentatioun awer net nokomm.

Back to Top
CIM LOGO